De Magazin live an der Abtei NeimënsterAusverkaafte Concert vum Jovanotti: "Hien huet einfach eng formidabel positiv Energie"

Vidosava Kuzmic
Den italieenesche Superstar Jovanotti ass zréck zu Lëtzebuerg a versprécht eng Show voller Energie, Faarwen a Rhythmus.
© RTL

Zu senge gréissten Hits zielen ënner anerem "L'Ombelico del Mondo", "A te", "Ragazzo Fortunato" an "Bella".

Hannert dem Kënschtlernumm Jovanotti stécht de Lorenzo Cherubini, deen zënter Enn vun den 1980er Joren zu de bekanntste Museker an Italien gehéiert. Seng Carrière huet als DJ ugefaangen, ier hie mat Rap a Funk bekannt gouf. Mat der Zäit huet hie säi Stil ëmmer nees nei erfonnt a vermëscht haut Pop, Hip-Hop, Weltmusek a latäinamerikanesch Rhythmen. A genee dëse Mix bréngt hien den Owend um hallwer néng an déi aussergewéinlech Kuliss vun der Abtei Neimënster.

© Olivier Catani

"Fir déi italieeneschsproocheg Communautéit ass dat haut ee Rendez-Vous, deen absolut net ze verpassen ass", esou de Michel Welter vum Atelier.

Säi perséinlechen Highlight aus der eegener Open-Air-Concerts-Serie wieren d'Gorillaz gewiescht, verréit hien am Interview. Mat ëm di 85.000 Leit, déi bannent ronn zwou Wochen op hir Concerte kommen, kënnen d'Organisateuren vum Atelier zefridde sinn.

Wat se fir 2027 plangen, bleift elo mol awer nach e Geheimnis.

Kuckt dee ganzen Interview mam Michel Welter am Replay vum "Magazin".

© RTL

Back to Top
CIM LOGO