Bach Vereenegung Lëtzebuerg"Bach in the Subways": 52 Mini-Concerten an der Stad Lëtzebuerg

Isabelle Gillen
Zesumme mam INECC organiséiert d'Bach Vereenegung Lëtzebuerg den 21. Mäerz eng weider Editioun vum sougenannte "Bach in the Subways"-Festival.
© VdL

2010 gouf dëse Festival an den USA an d’Liewe geruff, fir all Joer dem Johann Sebastian Bach säi Gebuertsdag ze feieren an d’Leit op dem Museker säi Wierk opmierksam ze maachen. Zanterhier kommen all Joer dausende Museker op der ganzer Welt zesummen, fir Concerten ze spillen.

Och zu Lëtzebuerg gëtt de “Bach in the Subways” schonn zanter e puer Editiounen an der Stad organiséiert. Dëst Joer kann ee sech op 52 Mini-Concerten op 21 verschiddene Plaze freeën. Dat an der Uewerstad, op der Gare an um Kierchbierg.

Dëst Joer gëtt de Festival och an Zesummenaarbecht mat der Union commerciale vun der Stad Lëtzebuerg organiséiert an dofir ginn eng Rei Concerten a Geschäfter gespillt. Ënnert anerem gëtt och a Kierchen a verschiddene Muséeë gespillt. Déi ganz Lëscht mat alle Concerte fannt Dir um offiziellen Internetsite. D’Entrée fir de Festival ass gratis.

Back to Top
CIM LOGO