“Blue Moon” spillt an enger eenzeger Nuecht am New York vun 1943 um Owend vun der Première vum Musical Oklahoma!. Wärend d’Broadway-Elite sech op eng grouss Feier virbereet, zitt sech de Lorenz Hart, legendäre Parolier a laangjärege Partner vum Komponist Richard Rodgers, an eng Bar zeréck. Den hoffnungslosen Alkoholiker weess, datt seng Zäit eriwwer ass: de Rodgers huet hie mam Oscar Hammerstein ersat, a seng Carrière steet virum Aus. An där Nuecht schwätzt, flirt an deliréiert den Hart sech duerch seng Erënnerungen, seng Ängschten an eng obsessiv Léift fir déi jonk Elizabeth Weiland, seng onverhoffte lescht Inspiratiounsquell.
Formell ass “Blue Moon” e bewosst reduzéierte Film, bal wéi e Bünestéck: een eenzegen Dekor a vill Dialog. D’Sprooch an hire Rhythmus stinn hei am Mëttelpunkt. De Richard Linklater mécht aus där formeller Contrainte eng grouss Qualitéit a schaaft eng intim Etude iwwer d’Muecht vun de Wierder an d’Roll vum Kënschtler an enger Industrie, déi ëmmer manner Plaz fir Onberechenbarkeet léisst. Thematesch geet et ëm d’Enn vun enger Ära, ëm Verloscht, Versuchung an d’Angscht, ausgetosch ze ginn. Den Ethan Hawke ass fragil, nervös, grotesk, an déif beréierend zugläich an der Haaptroll. “Blue Moon” ass domat kee klassesche Musical-Biopic, mee eng melancholesch Introspektioun vun engem vergiessenen Artist.