E Samschdeg vertrëtt d'Sarah Engels Däitschland beim Eurovision Song Contest 2026 zu Wien mam Song "Fire". D'Virfreed wier immens grouss, mee och den Drock: "Das ist das Größte, was ich jemals gemacht habe. Die größte Bühne“. Virun allem d'Tatsaach, datt ronn 160 Millioune Leit den ESC kucken, géif hir nach ëmmer Héngerhaut maachen. Trotzdeem wëll Si virun allem eng positiv Energie op d'Bün bréngen an "ein bisschen Positivität mit nach Hause nehmen".

Finalistin bei "Deutschland sucht den Superstar" an elo op der ESC-Bün
Bekannt gouf d'Sarah Engels 2011 duerch d'Casting-Show "Deutschland sucht den Superstar", wou Si op der zweeter Plaz hannert dem Pietro Lombardi stoung. Dobäi hat hir Rees bei "DSDS" net grad sou einfach ugefaangen: Schonn 2009 an 2010 war Si bei der Show dobäi, ass awer wéinst Textprobleemer net an déi nächste Ronn komm. Eréischt beim drëtte Versuch huet Si et bis an d'Finall gepackt an do gesäit een, wéi grouss de Wëlle vun der Sängerin ass.
No der Sendung ass hir Musekskarriär richteg gestart. Mat Lidder wéi "Call My Name" oder "I Miss You" huet Si et an d'Charts gepackt. Och an TV-Shows wéi "Let’s Dance", "Das Supertalent" oder "The Masked Singer" konnt Si iwwerzeegen.
"Fire“ soll gutt Laun maachen
Am Interview verréit d'Sarah Engels och, wéi de Song "Fire" entstanen ass. Wéi si de Song am Studio fäerdeg haten, wier hinne séier kloer ginn, datt dëst "ein richtig geiler ESC-Song“ kéint ginn. Besonnesch d’Lyrics an den Dancebreak an der Mëtt vum Lidd hätte si iwwerzeegt.
Mat vill Leidenschaft, haarder Aarbecht a Bünenerfarung wëll d'Sarah Engels elo Europa begeeschteren. Fir d'Sängerin ass den ESC net nëmmen eng grouss Chance, mee och d'Belounung fir vill Jore Kampf a Gedold.