
Zu Bergkamen am däitsche Bundesland Nordrhein-Westfalen ass et e Samschdeg den Owend op oppener Strooss zu enger Ausernanersetzung tëscht verschiddene Persoune komm. Dobäi ass e 40 Joer ale Mann sou schwéier blesséiert ginn, datt hien trotz séiere Reanimatiounsversich nach op der Plaz gestuerwen ass, sou d'Police an de Parquet vun Dortmund e Sonndeg.
Eng weider Persoun gouf schwéier verwonnt.
D'Police huet véier verdächteg Persoune provisoresch festgeholl. Wéi et vun den Ermëttler heescht, sinn d'Hannergrënn fir de Sträit bis ewell nach net gekläert.
Éischten Erkenntnisser no war et tëscht de Bedeelegte fir d'éischt zu engem verbale Sträit komm, deen duerno an eng kierperlech Ausenanersetzung ausgeaart ass. Méiglecherweis wier och e Messer gezu ginn, esou d'Police weider.