CGDIS-Bulletin um FreidegVéier Blesséierter bei dräi Accidenter an e puer méi kleng Bränn

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt e Freideg de Mëtteg eng ganz Rëtsch Asätz. Bei dräi Accidenter goufe véier Leit verwonnt, bei enger Partie Bränn ass kengem eppes geschitt.
Foto vun enger Simulatioun beim CGDIS
© Christophe Hochard

En éischten Accident krut de CGDIS kuerz no 13 Auer zu Nidderkäerjeng an der Avenue du Luxembourg gemellt. Hei krut en Auto e Moto ze paken, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. Um Asaz waren d'Rettungsekippe vun Esch a vu Käerjeng.

Op der A13 a Richtung Schengen koum et iwwerdeem géint 14:15 Auer zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen. Hei gouf et zwee Blesséierter, déi vun de Rettungsdéngschter vun Esch a vum Zenter Suessem-Déifferdeng versuergt goufen.

Ee Blesséierte gouf et dann eng hallef Stonn méi spéit bei enger weiderer Kollisioun tëscht zwee Autoen op der N13 tëscht Beetebuerg an Helleng. Hei waren d'Ambulanciere vun Diddeleng an d'Pompjeeë vu Beetebuerg um Asaz.

Bei engem weideren Accident op der A13 a Richtung Schengen géint 15:21 Auer war en Auto an eng Leitplank gerannt. Hei gouf awer keng Persoun verwonnt. Op der Plaz waren d'Rettungsekippe vun Diddeleng, vu Fréiseng a vu Munneref.

E puer Bränn uechter d'Land

Weider mellt de CGDIS eng Rëtsch méi kleng Bränn uechter d'Land, bei deenen awer kee blesséiert gouf. Esou hat ënnert anerem eng landwirtschaftlech Maschinn bei Gréiwels Feier gefaangen, an der Stad hat et an engem Blummebac gebrannt, am Neiduerf war et eng Heck an zu Esch koum Damp aus engem Gulli.

Back to Top
CIM LOGO