Theater a Live-SpektakelDéi 60. Editioun vum Festival OFF zu Avignon ass elo amgaang

Isabelle Gillen
Eemol am Joer verwandelt sech déi kleng Stad Avignon an eng Héichbuerg fir Theater a Live-Spektakel. Aus der ganzer Welt Reese Kompanien an de Süde vu Frankräich fir hir Kreatiounen engem méiglechst breede Public ze presentéieren.
Déi 60. Editioun vum Festival OFF zu Avignon ass amgaang
Eemol am Joer verwandelt sech déi kleng Stad Avignon an eng Héichbuerg fir Theater a Live-Spektakel.

Wann et dobausse waarm ass, d'Theatersäll prall gefëllt sinn an een op der Strooss deen een oder anere Schauspiller begéint, dann ass et zu Avignon nees un der Zäit fir de Festival OFF. Fir Lëtzebuerg an der offizieller Selektioun sinn dëst Joer dräi Produktioune vu Fraen iwwer Fraen. Eng dovu nennt sech "Une rose plus rouge" a baséiert op der BD vun der Liv Strömquist. Am Verglach zu der Spillzäit zu Lëtzebuerg ass d'Erliefnes zu Avignon e ganz anert, erzielt d'Regisseurin Christine Muller:

"Fir d’Gefill, wat een entwéckelt als Ekipp, ass dat genial, well et lieft een zesumme wärend dräi Wochen, et deelt ee Flyeren aus, et ësst ee mateneen, et geet een aner Stécker matenee kucken. Och déi aner Kompanien, déi hei sinn, si super super. Et ass jiddereen immens fein. Et ass eng ganz schéin Dynamik."

Et muss ee sech an der Theaterwelt beweisen, fir iwwerhaapt op esou engem international renomméierte Festival dierfen dobäi ze sinn. Och zu Avignon selwer mussen d'Ekippe sech nach dru ginn, fir d'Spectateure bei sech an de Sall ze lackelen. Dofir gëtt direkt op der Strooss Reklamm fir säi Spektakel gemaach, eng Atmosphär, déi zu Avignon all Joers eenzegaarteg ass.

"Les Jours de la Lune" ass en weidert Theaterstéck aus Lëtzebuerg, dat een zu Avignon ze gesi kritt. D'Produktioun geet iwwert dee weiblechen Zyklus a versicht en Tabu a Normalitéit ëmzewandelen. Et ass net ëmmer einfach mat Lëtzebuerger Produktiounen am Ausland unzekommen, seet d'Regisseurin Renelde Pierlot. D'Lëtzebuerger Méisproochegkeet wier definitiv e plus.

"Doduerch, dass et schonn op Franséisch geduecht war, mat Lëtzebuergesch a mat Däitsch, mat Portugisesch a mat Arabesch an nach anere Sproochen, huet et awer eng Chance hei op Avignon ze kommen a mir hoffen, fir eng kleng Tournée ze hunn.“

Ausserdeem kann een den Ament och "Les Glaces" vun der Regisseurin Sophie Langevin iwwert eng Fra an hir Erfarunge mat engem sexuellen Iwwergrëff gesinn. Allen dräi Theaterstécker aus der offizieller Selektioun waren an de vergaangene Joren och zu Lëtzebuerg gewise ginn.

Nieft deenen dräi Produktioune kritt een zu Avignon ausserdeem eng Inzenéierung vum Albert Camus sengem Stéck "La Peste" ze gesinn. De Frank Hoffmann, direkter vum TNL, huet dat Ganzt kreéiert an d'Marie Jung, steet ënnert anerem heifir op der Bün:

"Dat, wat mech glécklech mécht, wat mech beräichert, ass den Dialog mam Publikum, deen ni dee selwechten ass. Deen Dialog schweigend, wéi an der Spannung an an allem. Dat ass eng eppes, wat ech sos néirens esou an där Form kréien."

Nach ass et net ze spéit fir déi ronn 1700 Spektakelen zu Avignon ze gesinn. De Festivall OFF leeft nämlech nach bis de 25. Juli.

Back to Top
CIM LOGO