
D'Brenda Fricker ass dout. Wéi hiren Agent e Feidegowend matgedeelt huet, wier d'Schauspillerin en Donneschdeg an hirer Heemecht Irland gestuerwen. Och wann den Numm engem direkt näischt seet, sou dierft dach jiddereen d'Dauwe-Fra aus dem Film "Kevin - Allein in New York" kennen. Déi iresch Actrice huet 1992 de Personnage verkierpert, deen um Enn souguer de Kevin virun den zwee Banditte Harry a Marv rett.
An hirer Heemecht Irland huet d'Brenda Fricker zu de renomméiertsten Actrice vun hirer Generatioun gezielt wéi d'Irish Times schreift. D'Roll am Kevin-Film soll awer net hir erfollegräichst sinn.
1990 krut si den Oscar fir déi bescht Nieweroll am Film "My Left Foot", dat als éischt iresch Actrice iwwerhaapt.
D'Brenda Fricker ass 81 Joer al ginn.