"7 Most Endangered Heritage Sites in Europe"D'Gebléishal zu Esch kënnt op d'Lëscht vun Europa Nostra

Isabelle Gillen
Wéi den CNCI, de Centre National de Culture Industrielle, matdeelt, gouf d'Gebléishal zu Esch elo vun Europa Nostra op d'Lëscht vun de "7 Most Endangered Heritage Sites in Europe" fir 2026 gesat.
© Europa Nostra

Europa Nostra ass en Netzwierk vun der Zivilgesellschaft, dat sech fir de Schutz vu menacéiertem kulturellem Patrimoine an Europa asetzt. Zanter 2013 existéiert de Programm, deen all Joer eng Lëscht mat de 7 am meeschte menacéierte Patrimoine-Sitten erausbréngt. “De Programm déngt als Katalysator, fir Expertisen ze mobiliséieren, ongëeegent Entwécklungen ze stoppen an ëffentlech a privat Ënnerstëtzung dorënner finanziell Ressourcen an aner Hëllefsformen, ze sécheren. All Dossier op der Schlusslëscht huet Usproch op e Kulturierwensstipendium vun der EIB am Wäert vun 10.000 Euro, fir konkret Mesuren zur Erhale vum jeeweilege Site z’ënnerstëtzen.”

2026 huet et dann och déi am Joer 1910 gebaute Gebléishal um Belval op dës Lëscht gepackt. Dës géif als Monument fir déi industriell Vergaangenheet vu Lëtzebuerg stoen an un eng Zäit erënneren, an där d’Stolproduktioun souwuel d’Regioun, wéi och déi national Wirtschaft gepräägt huet. Am Communiqué vun Europa Nostra heescht et ausserdeem:

“D’Gebléishal ass en aussergewéinlecht Monument vum industrielle Patrimoine op engem vun de wichtegste Stolproduktiounssitten zu Lëtzebuerg am 20. Joerhonnert. Si ass net nëmmen en historescht Landmark, mee och e potenzielle Modell fir adaptiv Ëmnotzung an Europa. Hir proposéiert Transformatioun an e multifunktionale Raum fir Kultur, Universitéitsbildung, Wëssenschaft a gesellschaftlecht Engagement kéint beispillhaft fir eng nohalteg Stadentwécklung stoen. Als Deel vum staatleche Pilotprojet “Cité des Sciences” kéint d’Rehabilitatioun vun der Gebléishal Vergaangenheet an Zukunft matenee verbannen, Innovatioun fërderen an de Patrimoine gläichzäiteg erhalen.”

Nieft der Gebléishal stinn och nach dës Projeten op der Lëscht vun de “7 Most Endangered Heritage Sites in Europe":

  • Katapola Village and Ancient City of Minoa, GREECE
  • Fábri Watermill, Feked, HUNGARY
  • British Barracks at Fort Chambray, Gozo, MALTA
  • Vale de Milhaços Gunpowder Factory, Seixal, PORTUGAL
  • Reformed Church of Sântămăria Orlea, ROMANIA
  • Weifert’s Brewery, Pančevo, SERBIA

Experte vun Europa Nostra schaffen elo zesumme mat de jeeweilege Responsabele vun de Sitten individuell Projeten aus, déi an den nächsten zwee Joer mat Ënnerstëtzung vun der EIB-Subventioun fir de Patrimoine sollen ëmgesat ginn.

Liest hei den offizielle Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO