
Déi elo mëttlerweil 10. Staffel gëtt um Sender ABC diffuséiert a bréngt JD, Turk, Elliott, Dokter Cox a Co nees op de Bildschierm. Éischt Kriticke vum Scrubs-Comeback falen dann och iwwerraschend éischter positiv aus. “Iwwerraschend”, well dacks Versich, Kult-Serien aus den 90er oder Ufank 2000er erëm operstoen ze loossen, éischter schlecht ukomm sinn an der Vergaangenheet.
Ma vun der Handlung hier huet sech an sech net vill geännert: Och wann d’Schauspiller zwar sichtlech méi al gi sinn, spillt alles ëmmer nach am Sacred-Hearts-Spidol, den JD an den Turk sinn nach ëmmer bescht Frënn a feieren hir “Bromance” an et passéieren nees verréckt Saachen, wärend deem een awer och dem Beruff als Dokter weider nogeet. Wéi d’US-Zeitung “Variety” schreift, wier den eenzegen Ënnerscheed, de Fait, dass den JD an den Turk an hire “Karriären elo weiderkomm” wieren.
Natierlech ginn et och nei Gesiichter, dorënner d’Vanessa Bayer, dat virun allem fir seng Optrëtter bei “Saturday Night Live” bekannt ginn ass. Ännerungen ginn et dann awer: ënnert anerem ass den Doctor Cox, gespillt vum John C. McGinley “just” als Gaascht-Schauspiller an de Credits ernimmt, dierft also wuel éischter just bei e puer Episoden ze gesi sinn. Den Hausmeeschter ouni Numm, gespillt vum Neil Flynn, feelt beispillsweis komplett.
E puer Ännerungen sinn net z’evitéieren, ma soss probéieren d’Produzente vu “Scrubs” awer sou mann wéi méiglech ze änneren a setzen op déi al bewäerten Elementer, déi Scrubs zu enger Kult-Serie gemaach hunn. D’Fans dierfte ganz zefridde mat der Serie sinn.
Déi 10. Staffel wäert dann och nees op däitsch synchroniséiert ginn a soll de 25. Mäerz am däitschsproochege Raum erauskommen, dat an enger éischter Phas mol op Disney+.