
De neie President vum Mudam Verwaltungsrot , Jean-Paul Olinger, huet déi wichtegst Fortschrëtt zanter dem Fréijoer zesummegefaasst.
“Mir brauchen eng kloer Direktioun, wou mer wëllen higoe mat deem Musée. Dofir schaffe mer un der Visioun. Da brauche mer e kloert Rolleverständnis vun alle Mataarbechter. Dowéinst hu mer eeben déi Gouvernance-Dokumentatioun en place gesat an och si mer amgaangen, d’Description de fonction vun alle Mataarbechter kloer ze definéieren, datt och jidderee weess, wat vun em erwaart gëtt. An dann den drëtten Element, mat deem mer schaffen, ass ganz kloer, wat wëll de Public dobausse vun deem Musée. An dowéinst developpéiere mer de Public.”
D’Description de fonction gouf iwwregens och fir de Conseil a fir d’Direktioun gemaach. An der Reunioun hat de Jean-Paul Olinger gesot, et hätt e gewësse “Nachholbedarf” gi bei den interne Reglementer; och dee finanziellen, dee reegelt, wéi d’Suen engagéiert ginn, gouf iwwerschafft. Am ganze goufen et fënnef thematesch Aarbechtsgruppen, woubäi ee sech ëm de Bien-être vun der Ekipp këmmert. Och do huet d’Vizepresidentin vum Mudam a Conseillère am Kulturministère, Beryl Bruck, an der Kommissioun erkläert, datt nei Prozeduren en place gesat goufen. Zum Beispill fir Konflikter ze léisen, respektiv, fir datt an deene Situatioune keng Leit méi court-circuitéiert ginn.
Ënnert anerem dëse Court-Circuitage oder datt si Kolleegen onnëtz deier Kontrakter ginn huet, war Deel vun de Plaintë géint d’Directrice vum Mudam, Bettina Steinbrügge, déi am Fréijoer un d’Liicht komm waren. Dat nodeems de viregte President vum Verwaltungsrot, de Patrick Majerus, Enn Januar wéinst de Plainten iwwert an der Attitüd vun der Directrice demissionéiert hat. Déi gréng Deputéiert Djuna Bernard sot no der Kommissiounssëtzung, si hätt e Mëttwoch:
“Fir d’éischt Kéier e richtegt Gefill, dass et esou munch strukturell Problemer am Mudam gouf. Am Fréijoer hat een éischter d’Gefill, wéi wann do villes kleng geriet gi wier.”
Deemools wollt den zoustännege Minister, Eric Thill vu gréissere Probleemer net vill wëssen. Hien huet d’Wouerecht vun de Reportagen a Fro gestallt, déi iwwerteneestëmmend vun de Mëssstänn, dem schlechte Klima an de personellen Departe bericht hunn. Den Audit, dee schonn d’lescht Joer am Mudam gemaach gi war, an op dee sech e Mëttwoch deelweis beruff gouf, wollt de Minister den Deputéierten am Fong guer net ginn an huet herno just d’Conclusiounen eraus geréckelt. D’Djuna Bernard sot:
“Wann ech elo haut dem President nogelauschtert hunn, da goufen et a gi warscheinlech nach ëmmer substanziell a strukturell Probleemer am Mudam. Si schéngen och mëttlerweil déi Probleemer erkannt ze hunn an ech gleewen hinnen, datt se déi lescht Méint drop geschafft hunn. Wat ech awer feststellen ass, dass et huet wierklech missen dozou kommen, dass d’Gouvernance hei op alle Fronte misst aktiv ginn, fir Aufgaben ze iwwerhuelen, déi u sech menger Meenung no eng Direktesch hätt misse léisen. Mir schwätze vu Prozesser definéieren, vu Kommunikatioun tëscht den Ekippen, vu Kommunikatioun vis-à-vis vun der Hierarchie an dat si fir mech Aufgaben, déi der Direktioun hiren Haaptjob sinn. An de Fait, dass hei d’Gouvernance sech därmoossen huet missen aschalten, fir dat doten ze klären, weist fir mech awer och, dass et do wierklech fundamental Lacunnen um Niveau vun der Direktioun ginn.”
Zesummegefaasst: De Conseil plus alt nees en externe Beroder ware noutwenneg, fir der Direktesch hir Aarbecht ze maachen. Ma, esou de Jean-Paul Olinger, si hätt elo kee Widderstand geleescht.
“Dee ganze Prozess war kollaborativ an dee ganze Prozess war absolut positiv.”
Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot sot sengersäits:
“Jo, also et huet een d’Impressioun, dass et awer elo, säit déi ganz Affär do opgeflunn ass ronderëm d’Rotatioun am Staff an esou, dass awer vill dorop geschafft ginn ass. Dat heescht, et sinn Aarbechtsgruppen agesat ginn, déi souwuel iwwert d’Missioun wéi iwwert d’Gouvernance an och iwwert d’Finanzen diskutéiert hunn. Ech mengen, et ass eng Prise de conscience, dass een esou e Musée muss och vläicht finanziell anescht opstellen, fir dass en international ka bestoen.”
Datt de Mudam net vill Sue fir seng Programmatioun respektiv fir seng Kollektioun huet, ass kee neie Probleem. De Verwaltungsrotspresident Jean-Paul Olinger, deen am Haaptberuff Direkter vun der Steierverwaltung ass, betount zwar, datt hien do zoustänneg wier, fir datt Suen an d’Staatskeess era kommen, net dofir, wéi se eraus ginn.
“Mee ech mengen, mir mussen eis d’Fro stellen, wat ass den, ‘wou wëlle mer hin’, mat deem Musée? Wat erwaarde mer eis vun deem Musée? A wa mer kloer sinn, wat mer eis erwaarden, musse mer och wëssen, wat mer dofir bereet sinn ze ginn, well mer mussen en Aklang hunn tëschent der Erwaardungshaltung vum Public an deem, wat d’Mataarbechter kënne leeschten.”
An dofir bräicht ee vläicht méi Moyenen, esou de Jean-Paul Olinger.
An e puer Méint soll nees e Suivi gemaach ginn.