Identitéit vum Banksy enttarntDräi Reuters-Journalisten hu viru Kuerzem d'Identitéit vum Banksy erausfonnt a publizéiert

Sophie Becker
Wat mécht dat elo mam Phenomen Banksy?
© AFP

Zënter zwee Joerzéngten ass de Banksy schon inkognito ënnerwee an et gouf ëmmer erëm vill Spekulatiounen ëm seng Persoun a seng Identitéit. Wéi koum et dozou a wéi hu si de Street Art Kënschtler entlarvt? An dobäi stellt sech och d’Fro: Wat mécht dat elo mam Phenomen Banksy?

Banksy
Identitéit vum berüümte Street Art Kënschtler enttarnt?

Schonn 2008 huet The Mail on Sunday anscheinend d’Identitéit vum Banksy erausfonnt an doropshin an der Zeitung publizéiert. Ma deemools wollt déi ganz Welt et net wouerhunn an de Mythos Banksy konnt weider liewen. Et ass also keng nei Informatioun, ma elo ass et awer an der breeder Mass ukomm an d’Reuters-Journalisten hu seng Identitéit nach eng Kéier opgedeckt an et bleift wéi 2008 scho beim: Robin Gunningham aus Bristol.

Dräi Journaliste sinn an d’Ukrain, op London an New York gereest, fir dem Street Art Kënschtler seng Spueren ze verfollegen. No der éischter Enthüllung 2008, huet de Kënschtler säi Numm geännert an zwar an David Jones. Ee vun den heefegsten Nimm a Groussbritannien. Ënnert deem Numm soll e Mann 2022 an d’Ukrain gereest sinn a kuerz duerno si seng Street Art Wierker opgedaucht an offiziell als Banksy deklaréiert ginn.

Virun iwwer 25 Joer ass de Banksy zu New York verhaft ginn, well hien eng Werbetafel iwwermoolt huet. Aus den onverëffentlechten Dokumenter, Polizeiberichter a Gerichtsakten, hunn d’Journalisten e Geständnis vum Kënschtler fonnt, dat mat Robin Gunningham ënnerschriwwe ginn ass. Ma villes bleift trotzdeem nach onkloer, zum Beispill ob hannert dem Banksy just eng Persoun stécht oder dach méi Leit? Dobäi kënnt, datt kee géigeniwwer de Reuters-Journalisten d’Identitéit vum Robin Gunningham alias David Jones bestätegt huet.

Ma wat bedeit d’Enthüllung fir de Banksy, respektiv wéi eng Konsequenze kéint dat mat sech bréngen? Theoretesch a rechtlech kéint de Banksy elo nodréiglech wéinst Vandalismus a Sachbeschiedegung verklot gin. De Banksy selwer huet op d’Enthüllungen natierlech net reagéiert, hie wëll weiderhi seng Anonymitéit schützen. Ma wat bedeit dat fir seng Wierker? Verléiere se elo u Wäert well de Mythos Banksy zerstéiert ass?

Am Resumé kann ee soen, datt d’Enthüllung vum Banksy senger Identitéit zwar de Mysterium do ronderëm méi kleng mecht, ma et awer warscheinlech kaum Auswierkungen op d’Bedeitung an de Wäert vu senge Wierker huet. Bleift Groussbritannien also elo just nach ee grousse Mysterium ze léisen, nämlech dee vum Jack the Ripper.

De ganzen Artikel iwwer d’Enthüllung vum Banksy fënnt een hei: https://www.reuters.com/investigates/special-report/global-art-banksy/

Back to Top
CIM LOGO