Eis glécklech RTL-Gewënnerin: Sandy HeepE ganzt Joer gratis Concerten? D'Rockhal huet fënnef Golden Tickets verloust

RTL Lëtzebuerg
Lescht Joer hate mir déi besonnesch Geleeënheet, zesumme mat der Rockhal ee vun insgesamt fënnef Golden Tickets ze verspillen.
D’Sandy Heep ka sech iwwert de “Golden Ticket” an domat ee Joer laang gratis Concerten an der Rockhal freeën.
© RTL Lëtzebuerg

Am Oktober hu mir d’Aktioun zesumme mat eisem Radio lancéiert: Eis Nolauschterer*inne goufen opgefuerdert, hiert schéinsten Erliefnis aus der Rockhal mat eis ze deelen. Dunn hu mir eng Virauswiel vun aacht Kandidatinnen a Kandidate getraff, déi mir live an eiser Radiossendung ugeruff hunn. Do hunn déi aacht Auserwielten nach eng Kéier hir Geschichten erzielt.

Am November huet de grousse Voting gestart: “Wat fir eng Geschicht soll Ärer Meenung no de Golden Ticket gewannen?”

Hei konnt d’Publikum entscheeden, wéi eng Geschicht de Golden Ticket gewanne soll. Eis Gewënnerin gouf duerno vun eis informéiert an an d’RTL City agelueden, wou mir him perséinlech gratuléiere konnten.

Kuckt Iech hei nach eng Kéier d’Reaktioun vun eiser Gewënnerin un:

Den 9. Februar war dunn déi offiziell Präisiwwerreechung an der Rockhal. Insgesamt goufe fënnef vun dësen exklusive Golden Tickets verginn. Eis Gewënnerin krut do feierlech den offizielle Scheck iwwerreecht. Ausserdeem kruten all Participanten eng exklusiv Visitt vun de Raimlechkeete vun der Rockhal.

Mir wënschen dem Sandy vill Freed mat sengem Golden Ticket!

Back to Top
CIM LOGO