Zwee Museker a sechs Dänzer beweege sech hei iwwert e grénge Wues a benotzen Alldagsgéigestänn wéi Still an Dëscher fir ze danzen.
Et ass e Spill tëscht Beweegung a Musek. Akroāma, wat souvill bedeit wéi "dat wat een héiert" oder "Entertainer" ass keen normalen Danz. Dem Choreograph Brian Ca war et wichteg, sozial Themen opzegräifen. Dat ganzt agepaakt an enger abstrakter Choreographie.
Bünebild a Requisite maachen e groussen Deel vum Stéck aus. Aus verschiddenen Improvisatiounen, déi zesumme mat den Dänzer wärend de Prouwen entstane sinn, koumen Alldagsgéigestänn wéi Still an Dëscher mat op d'Bün.
Och d'Musek spillt eng grouss Roll; Nieft de sechs Dänzer sinn nämlech och zwee Museker op der Bün ze gesinn. Zum engen héiert een akustesch Téin, déi vun engem Oud stamen. Engem traditionellen arabeschen Instrument, dat bëssen der Mandolin gläicht an elektronesch Musek.
Akroāma ass virun allem fir Plazen ausserhalb vun der klassescher Danz-, oder Theaterbün geschaaft ginn. D'Stéck fuerdert de sozialen Dialog a kreéiert sou Raum fir en Austausch tëscht zwou verschidde Welten.