Akustesch Versioun vu FighterEng ganz speziell Versioun vum Lëtzebuerger ESC-Song

Sandy Schmit
A knapp zwou Woche steet d'Tali eng éischte Kéier op der Eurovision-Bün zu Malmö, fir Lëtzebuerg no iwwer 30 Joer rëm beim internationale Musekscontest ze vertrieden.
Akustesch Versioun vu Fighter um Pont Adolphe
All d’Artiste vun de Länner, déi beim ESC matmaachen, hate vun der EBU den Optrag kritt, eng aner Versioun vun hirem Lidd opzehuelen an deemno och d’Tali.

De Song “Fighter” ass prett, d’Choreographie gëtt am Moment nach finaliséiert a bis zur Perfektioun ageüübt. Ma viru senger Rees an déi schweedesch Stad hat d’Tali och eng nei Versioun vum ESC-Song opgeholl. All d’Artiste vun de Länner, déi beim ESC matmaachen, hate vun der Europäescher Rundfunkallianz (EBU) den Optrag kritt, eng aner Versioun vun hirem Lidd opzehuelen.

D’Tali huet sech fir eng akustesch Versioun decidéiert. An dat net am Studio, ma tatsächlech nuets, matten op der Neier Bréck an der Stad. Mat dëser Versioun soll och international nach emol Reklamm fir eist Lidd, eis Kandidatin an natierlech och eist Land gemaach ginn.

Kuckt hei nach emol, wéi den Nuetstournage um Pont Adolphe ofgelaf ass.

D’Tali mécht sech prett fir den ESC: Tournage matten an der Nuecht, matten um Pont Adolphe

Back to Top
CIM LOGO