Säll gespaart a Konschtwierker beschiedegtEt koum zu enger Iwwerschwemmung am Louvre

RTL Lëtzebuerg
Wéi et heescht, koum et zu enger Iwwerschwemmung am Paräisser Musée, déi Ekippe vum Gebai als "Nout-Situatioun" ageschat hunn.
© ERIC BRONCARD/Hans Lucas via AFP

An der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg koum et zu enger gréisserer Iwwerschwemmung am Louvre, méi genee an engem Sall, an deem Wierker aus dem 15. a 16. Joerhonnert stinn. Dat mellt ënnert anerem BFMTV.

Wéi et weider heescht, wier d’Iwwerschwemmung, déi um kuerz virun 10 Auer e Freideg de Moie bemierkt gouf vun den techneschen Ekippen am Musée als Nout-Situatioun ageschat ginn. Et géif sech ëm eng gréisser Iwwerschwemmung am Sall 707 handelen, e Sall, deen och nach “Duchâtel” genannt gëtt an um éischte Stack vum Fligel Denon am weltbekannte Louvre ass.

Wéi et bei der franséischer Tëleeschaîne BFMTV heescht, wär d’Waasser vum Stack driwwer komm, eventuell wéinst engem futtisse Rouer. A priori wären och d’Konschtwierker beschiedegt ginn, sot eng Source der Tëleeschaîne. Eng mobil Heizung gouf virdrun installéiert, et wär elo eng Expertise am Gaangen.

Net déi éischte Fuite am Louvre

Et war net déi éischt Waasserfuite am Louvre. Schonn de 26. November zejoert hat dreckegt Waasser an der Bibliothéik vun der ägyptescher Antik Wierker beschiedegt.
De bekanntste Musée vun der Welt huet den Ament keng Chance. En Donneschden war bekannt ginn, dass d’Billetterie Zil vun engem gréissere Bedruch gi war, mat engem Schued a Milliounenhéicht.

Falsch Ticketen an iwwerbuchte Visitte waren d’Symptomer vum Bedruch, un deem zwee Mataarbechter vum Musée bedeelegt gewiescht solle sinn. An zejoert war jo och an de Louvre agebrach ginn.

Back to Top
CIM LOGO