Schlecht Stëmmung beim GemengepersonalEt gëtt Kritik um Ierpeldenger Buergermeeschter, well d'Resultat vun engem Audit net public soll ginn

Marc Hoscheid
Esouwuel d'Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC wéi och déi politesch Oppositioun vun Ierpeldeng fuerderen, datt am Conseil iwwert Deeler vun der Analys geschwat gëtt.
© Marc Hoscheid

Schonn am Mäerz hate mer gemellt, datt et an der Gemeng Ierpeldeng-Sauer eng grouss Onzefriddenheet ënnert dem Personal géing ginn. Dat virop wéinst der Aart a Weis, wéi de Gemengesekretär mat sengen Aarbechtskolleegen ëmgoe géing. E Méindeg stoung d'Demissioun vum Sekretär um Ordre du jour vum Gemengerot, mee dat heescht net, datt lo nees alles an der Rei wier.

Och wann net offiziell confirméiert ass, datt den Ierpeldenger Gemengesekretär demissionéiert huet, well sou Decisiounen am Huis Clos geholl ginn, léisst d'Tatsaach, datt direkt dono ee Sekretär faisant fonction genannt gouf, awer dorobber schléissen. Dat hat d'Tageblatt gemellt an et passt zur RTL-Informatioun vun enger Kënnegung op den 1. Juli. Viru Méint war d'Gemengepersonal ënnert anerem un d'Gewerkschaft vum Gemengesecteur FGFC erugetrueden, fir op intern Problemer opmierksam ze maachen. Fir den FGFC-President Claude Reuter ass dat keng nei Thematik a seng Gewerkschaft op alle Fall déi richteg Ulafstell.

"Et ass egal, wou ee schafft, net ëmmer einfach, Leit gi besser oder schlechter mateneen eens, wat dat awer aggravéiert, ass, wann ee Workflow net funktionéiert oder Kompetenzen net gutt opgedeelt, wann een Organigramm net propper ass, wann d'Job descriptions net do sinn. An dat ass net nëmmen op där dote Gemeng, mee och op anere Gemenge leider net vorhanden an do hate mer d'Propose gemaach, mir géifen eis gratis zur Verfügung stellen, dat ze maache mat deene Grondprinzipien, déi an der Fonction publique communale gebe sinn."

© Marc Hoscheid

Déi Propose wier am Ufank och positiv opgeholl ginn, mee relativ séier hätt d'Gemeng sech awer dofir decidéiert, mat enger privater Firma zesummenzeschaffen. Trotzdeem wier een als FGFC nach ëmmer bereet, eng Hand mat unzepaken, mee do missten awer lo séier Neel mat Käpp gemaach ginn.

"Mir erwaarde ganz einfach, datt d'Politik eis virum Summerlach seet, hei gutt, lo ass Summervakanz, lo geet jiddereen an de Congé, mee datt mer eis eng Timeline ginn, wéi mer d'Personal a si och bis Enn dës Joers rëm gutt an d'Schinn kréien an datt se alleguer dat kënne maachen, fir dat se gewielt sinn oder firwat se do schaffe ginn, nämlech am Déngscht vum Bierger schaffen."

Den Ierpeldenger Buergermeeschter Claude Gleis wollt näischt an ee Mikro soen, léisst sech awer mat de Wierder zitéieren, datt ee sech zwar fir eng privat Firma decidéiert huet, mee et wéilt een an enger spéiderer Phase, warscheinlech Enn dës Joers, och nach eng Kéier mat der FGFC schwätzen. Et wier een awer scho virukomm an et hätt ee sech deels nei opgestallt.

Wat een Audit ugeet, dee vun där selwechter Firma scho gemaach gouf a fir deen an enger ëffentlecher Sëtzung vum Gemengerot ee Budget vun 100.000 Euro gestëmmt gouf, do ass de Claude Gleis dogéint, datt d'Resultat an enger ëffentlecher Sëtzung thematiséiert gëtt. Et géing do ëm Mënsche goen an et géing kengem eppes bréngen, dat op der Place publique ze diskutéieren.

Den Oppositiounsconseiller Laurent Lacour léisst dat Argument awer net gëllen a verlaangt, datt op d'mannst zum Deel iwwert den Audit geschwat gëtt.

"Dat däerf een op kee Fall esou erausginn, perséinlech Donnéeë muss een do wierklech schützen, et muss een eng anonymiséiert Versioun erausginn. Mee et ka lo net sinn, datt och déi allgemeng Conclusioun vun deem Ganzen net no bausse gedroe gëtt. Dat ass mat Steiergelder bezuelt ginn an et ass fir mech keng Optioun, lo ze maachen, wéi wa mir ni eppes gemaach hätten."

Wa sech sollt erausstellen, datt de Buergermeeschter eng politesch Matresponsabilitéit un der Situatioun dréit, da wier eng Entschëllegung bei deene Mataarbechter ubruecht, déi deels méi wéi 10 Joer ënnert verschiddene Problemer gelidden hätten.

An och bei der FGFC ass een der Meenung, datt eng Synthees vum Audit presentéiert sollt ginn, onofhängeg vum Contenu.

"Wann eppes net zu engem senger Faveur ass, da muss een och éierlech dozou stoen. Och ech als Claude Reuter, President vun der FGFC, hu bestëmmt och net ëmmer alles optimal gemaach. A wann eng Kritik kënnt, da muss een och e bëssi Réckgrat hunn a soen, ok, sot mer, wat ass dann net gutt, wat kënne mer da besser maachen. Dat denken ech, gehéiert awer och zur politescher Féierung dozou, e bëssi Réckgrat ze hunn, och wann et da vläicht net sou gutt fir een ausgaangen ass."

Den Interim als Gemengesekretär mécht iwwregens ee Mann, dee scho fréier op deem Posten zu Ierpeldeng geschafft huet a länger pensionéiert ass. Kuerzfristeg wier dat déi beschten Optioun gewiescht, ma et géing een hoffen, sou séier wéi méiglech eng dauerhaft Léisung ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO