Am Schlasspark vu Schloss Schönbrunn ass si aktuell Deel vun der Ausstellung "Bilder von Morgen". Do ginn ënner fräiem Himmel grouss Plakater mat QR-Code-Videoen an dorënner och Biller a Sequenze vun der Eva Marija. Vill Touristen, ESC-Fans a Passante komme beim Spadséiergang duerch de Park laanscht d'Installatiounen.
D'Expo ass en offiziellt Side-Event ronderëm den Eurovision Song Contest a verbënnt Konscht, Musek a gesellschaftlech Themen. Trotz der Enttäuschung nom Semi-Final ass d'Eva Marija domat och iwwert d'Show eraus nach en Deel vun der Eurovision-Stëmmung zu Wien.
Hei fannt Dir de Link zur Expo: #bvm