Präis fir säi LiewenswierkJohn Travolta krut d'Éierepalm zu Cannes

RTL Lëtzebuerg
Den Tavolta steet esouwuel virun wéi och hannert der Kamera.
Den US-Schauspiller a Regisseur John Travolta war fir d'Virféierung vu "Karma" op de Filmfestspiller zu Cannes.
Den US-Schauspiller a Regisseur John Travolta war fir d'Virféierung vu "Karma" op de Filmfestspiller zu Cannes.
© DANIELE CIFALA/NurPhoto via AFP

Hie selwer schwätzt vun engem Präis, dee méi grouss wier wéi den Oscar. Den John Travolta ass e Freideg den Owend zu Cannes mat der gëllener Éierepalm fir säi Liewenswierk geéiert ginn. Den 72 Joer alen Travolta, deen ënnert anerem bekannt ass fir seng Haaptrollen a "Grease" oder "Pulp Fiction" ass op der Croisette mat "Night Flight to LA" vertrueden, wou hien eng éischte Kéier Regie gefouert huet. De Film baséiert op engem Buch, dat den begeeschterten Hobbypilot 1997 selwer fir säin eelste kranke Bouf geschriwwen hat, deen 2009 gestuerwen ass.

Back to Top
CIM LOGO