
Si danzen, si sangen, si hu sech méintelaang op dësen Optrëtt virbereet. An dann hunn d'ESC-Artiste just dräi Minutten Zäit, fir de Public vu sech ze iwwerzeegen. Duerno entscheeden aner Leit. Et ass net wéi beim Sport, wien am séierste leeft, am héchste spréngt oder déi meeschte Goler schéisst, gewënnt. An dësem Museksconcours gewannen déi, déi déi meeschte Leit dozou beweege kënnen, fir si ofzestëmmen. Dat gëllt souwuel fir d'Jury, wéi och fir d'Leit, déi vun doheem aus ofstëmmen kënnen.
Fir d'Finall gesinn d'Wettbüroe Finnland op der éischter Plaz, mee och aneren Artiste gi Chancen op vill Punkten zougestanen. "Aus der Erfarung wësse mir awer, dass net ëmmer deen, deen als Favorit gehandelt gëtt, och wäert gewannen", esou de Raoul Roos, deen dëst Joer fir RTL den ESC kommentéiert. Als Beispill nennt hien d'Belsch: "D'lescht Joer si si als Favorit gehandelt ginn an duerno si si mol net an d'Finall komm. Dëst Joer sollte si net an der Finall sinn, sinn awer an d'Finall komm." Iwwerraschunge sinn ëmmer méiglech an dat wär och gutt esou, seet de Raoul Roos: "Soss wär et net spannend."
D'Pronosticke weisen, op wéi eng Artiste gewett gëtt an deenen ënnerschiddleche Wettbüroen. Si leien awer net ëmmer richteg, wéi d'Vergaangenheet weist. D'lescht Joer zum Beispill krut Schweden déi éischt Plaz virausgesot. Gewonnen huet herno Éisträich.

Dat Joer, an deem d'Schwäiz gewonnen huet, stoung Kroatien op der éischter Plaz fir d'Wettbüroen. Si louchen awer och schonn oft richteg. Si hunn d'Victoire vun Kalush Orchestra, Måneskin an dem Duncan Laurence richteg virausgesot.
Dëst Joer louchen d'Wettbüroen an den Halleffinallen zimmlech richteg. Just an der éischter Halleffinall konnt sech d'Belsch géint d'Pronosticken duerchsetzen an huet et amplaz vu Portugal an d'Finall gepackt. Soss gouf et keng wierklech Iwwerraschung - bis elo.
An der Finall kritt een iwwer zwee Weeër Punkten. Eng Kéier vergëtt pro Land e Jury Punkten. Déi kucken d'Show schonn een Dag am viraus. D'Artisten trieden da just fir de Jury op. D'Membere vum Jury verginn da Punkten fir déi 10 beschte Länner. D'Punkte vun all Jurysmember ginn da matenee verrechent, fir op ee gemeinsaamt Resultat ze kommen. Déi 10. Plaz kritt 1 Punkt, déi 9. kritt 2 Punkten a sou weider. Déi éischt dräi Plaze kréien 8, 10 an 12 Punkten. Dat sinn och déi berüümten "12 Points" an déi gi vun all Land eenzel annoncéiert.
Och Lëtzebuerg wäert seng Punkte kënne verginn, och wann d'Eva-Marija sech net fir d'Finall qualifizéiert huet. Wien an der Jury ass, gëtt geheim gehalen, fir dass d'Memberen net kënne beaflosst ginn. An der Reegel sinn et awer Leit, déi a Verbindung mat der Musekszeen aus dem jeeweilege Land stinn.
Déi zweet Manéier Punkten ze kréien, ass vum Public. Och do gi rëm pro Land d'Stëmmen zesummegezielt an déi 10 Artisten, déi déi meeschte Votte kruten, kréie Punkten. Do ass et och schonn dacks virkomm, dass een Artist guer keng Punkte kritt huet. D'lescht Joer kruten zum Beispill d'Schwäiz a Groussbritannien 0 Punkte vum Public.
Ënnert de Kommentatore ginn et och e puer Geheimfavoritten, erzielt eis de Raoul Roos. "Bei eis Kommentatoren ass et virun allem Australien, déi ervirstiechen, déi als Geheimfavorit gehandelt ginn an dann hues du och nach Israel, déi kéinten eng Iwwerraschung sinn respektiv Dänemark. Net ze vergiessen eis franséisch Kolleegen an och d'Italieener."
Lëtzebuerg wäert kënnen ofstëmmen iwwert den Internetsite esc.vote. All Stëmm kascht 99 Cent an et dierf een bis zu 10 Votte verginn.