
Fir déi 24. Kéier wäert de Junior Eurovision Song Contest organiséiert ginn. De 24. Oktober wäerten nees jonk Sänger a Sängerinne géinteneen untrieden, ganz nom Virbild vum ESC. Mam Ënnerscheed, dass d'Artisten tëscht 9 a 14 Joer al sinn. D'lescht Joer huet dat 11 Joer aalt Lou Deleuze fir Frankräich gewonne mam Lidd "Ce Monde".
Fir d'lescht huet Malta de Junior Eurovision Song Contest 2016 ausgedroen. Déi national Tëleeschaîne PBS (Public Broadcasting Services) wäert d'Event am MFFC (Malta Fairs & Conventions Centre) organiséieren. Dat ass eng Ausstellungshal an der Géigend vun der malteesescher Stad Attard. Lëtzebuerg ass net dobäi. RTL wäert de Junior Eurovision Song Contest awer live iwwerdroen.