Glitzer, Musek a Boykott?Net déi éischte Kéier: D’Geschicht vu Boykotter beim ESC

Lea Schwartz
Wärend de Samschdeg eng viraussiichtlech 150 Millioune Spectateuren d’ESC-Finall kucken, verlaangen och vill Stëmmen no engem Boykott. Et ass net fir déi éischte Kéier, dass et an der Geschicht vum Concours zu Boykotte kënnt - aus ënnerschiddleche Grënn.
Vill Leit fuerderen een Ausschloss vun Israel fir den Eurovision Song Contest
Vill Leit fuerderen een Ausschloss vun Israel fir den Eurovision Song Contest
© RTL Lëtzebuerg

“Et gouf manner gebuuht dëst Joer, wéi dat lescht Joer”, huet de Raoul Roos wärend der éischter Halleffinall kommentéiert, nodeems den israeelesche Sänger, den Noam Bettan, d'Bün verlooss huet. An awer huet een däitlech héieren, wéi Leit geruff hunn: ”Stop Genocide”. Wéi schonn déi Jore virdrun kritiséiere vill Leit, dass Israel beim Concours matmaachen dierf. Dëst Joer hu souguer fënnef Länner hir Participatioun um Eurovision Song Contest zréckgezunn, well si net d'Accord mat der Participatioun vun Israel sinn.

Ee Plakat zu Wien, dat zum Boykott vum Eurovision Song Contest oprifft.
Ee Plakat zu Wien, dat zum Boykott vum Eurovision Song Contest oprifft.
© RTL Lëtzebuerg

Net den éischte Boykott - eng ESC-Zäitrees

Den Eurovision Song Contest huet a senger Geschicht scho vill Kontroverse gehat. An dozou hunn och schonn zu aneren Amenter Boykotte gehéiert. Éisträich huet 1969 de Concours boykottéiert. Dat war eng Moossnam fir géint d'Franco-Diktatur a Spuenien ze protestéieren. 1969 ass den ESC dunn zu Madrid organiséiert ginn. Et war dat Joer, an deem direkt véier Länner gewonnen hunn.

1970, ee Joer drop, ass et nach eng Kéier zu engem Boykott komm. Norwegen, Schweden, Portugal a Finnland hunn hir Participatioun zréckgezunn, awer net aus politesche Grënn, mee well si d'Aart a Weis, wéi d'Punkte verdeelt goufen, onfair fonnt hunn. D'Reegele goufen als Konsequenz ugepasst.

1974 huet d'Tierkei Zypern ugegraff an ee Joer drop seng Participatioun beim ESC ugekënnegt. Als Reaktioun dorobber huet Griicheland sech aus dem Concours zréckgezunn, aus Protest géint déi tierkesch Invasioun, bei där vill Leit gestuerwe sinn. 1976 huet Griicheland nees matgemaach, ass awer mat engem Lidd ugetrueden, dat d'Leed vun de Leit an Zypern wärend der tierkescher Invasioun thematiséiert huet. Doropshin huet d'Tierkei eng Participatioun boykottéiert an huet réischt puer Joer drop nees matgemaach.

Kee Boykott, dofir awer een Opruff dozou gouf et 2019. Do ass de Concours vum israeeleschen ëffentlech-rechtleche Sender Kan zu Tel-Aviv ausgedroe ginn an iwwer dausend international Kënschtler haten an engem oppene Bréif dozou opgeruff, net um ESC deelzehuelen, wéinst der Aart a Weis, wéi déi israeelesch Regierung mam palestinensesche Vollek ëmgeet.

Länner, déi sech vun engem internationale Concours zréckzéien, ass iwwregens näischt, dat just een Eurovision Song Contest betrëfft. Wärend den olympesche Summerspiller 1980 zu Moskau hunn iwwer 40 Länner d'Spiller boykottéiert. Dat war nodeem russesch Truppen 1979 an Afghanistan amarschéiert sinn. D'USA hu verschidde Mesüren géint d'Sowjetunioun ukënnegt, dorënner och ee Boykott vun de Summerspiller. Vill westlech Länner sinn deem no komm an hunn och hir Participatioun ofgesot.

Lëtzebuerger Reaktiounen

Zréck an d'Joer 2026. Zu Lëtzebuerg hu sech och schonn eng ganz Partie Leit géint Israel beim Eurovision Song Contest ausgeschwat. Esou hunn eng Partie Lëtzebuerger Kënschtler d'Initiative "No Music for Genocide" ënnerstëtzt. An de Mëttwoch de Moien huet Rosa Lëtzebuerg op de soziale Reseauen ee Statement gepost, dass si dëst Joer d'Finall net wäerte weisen. Déi Jore virdrun hu si ee Public Viewing organiséiert. Si nennen och d'Participatioun an d'Duebelmoral vun der EBU als Grond. Russland ass nämlech am Joer 2022 ausgeschloss gi vum ESC, nodeems si d'Ukraine ugegraff hunn. Si ënnerschreiwen hire Post mat "Human Rights are not selective", also "Mënscherechter sinn net selektiv"

Rosa Lëtzebuerg ass eng asbl, déi sech fir d'Rechter an d'Siichtbarkeet vun der LGBTIQ+ Communautéit asetzt.

Back to Top
CIM LOGO