Blues’n’Jazz RallyeJazz op héchstem Niveau an der Stad

Loïc Juchem
E Samschdeg den Owend steet d'Stad nees ganz am Zeeche vum Blues’n’Jazz Rallye.
Blues'n'Jazz Rally 2026
Jazz op héchstem Niveau an der Stad

De gratis Open-Air-Event zielt zu den Highlights am Summerprogramm vun der Stad Lëtzebuerg a lackelt all Joer Dausende Visiteuren an d'Quartiere Gronn, Clausen a Pafendall. Méi wéi 40 Kënschtler stinn op de 6 Plazen op de Bünen an och an de Caféen a Bistroe ginn et Optrëtter. Eng Mëschung aus nationale wéi och internationale Kënschtler trieden op an dat jeeweils an engem fantastesche Kader. 

Zu de Lëtzebuerger Highlights gehéiert och den Trio Reis, Demuth, Wiltgen. Den Jazz-Trio mam Michel Reis, Marc Demuth a Paul Wiltgen gouf 1998 gegrënnt, deen Ament waren déi dräi nach zesummen am Lycée. Nodeems si 2011 erëm ugefaangen hunn, zesumme Musek ze maachen, hu si sech en internationalen Numm gemaach a stoungen zanterhier op grousse Jazzfestivallen an Europa, Asien, Nord- a Südamerika souwéi Afrika op der Bün. Mir hu mam Trio kuerz virun hirem Optrëtt um Blues’n’Jazz Rallye geschwat.

Klenge Bemol: Lift ass en Panne gefall

Fir de Start vum Blues'n'Jazz Rallye hate verschidde Fans Problemer, fir iwwerhaapt emol an d'Ënnerstad ze kommen. De Panorama-Lift, deen d'Uewerstad mam Pafendall verbënnt, war ausgefall. Um fréieren Owend awer war schonn eng Ekipp vu Schindler op der Plaz, fir nom Problem ze kucken.

© Patrick Greis

Back to Top
CIM LOGO