Eng Actrice, zwou BünenHana Sofia Lopes: "Den Niveau vu Stress ass momentan 12 vun 10"

Olivier Catani
D'Actrice Hana Sofia Lopes hat de Weekend um LSC hir Première als Presentatrice, dat just puer Deeg virun der Première vun engem neien Theaterstéck. En intensive Spagat tëscht zwou Welten.
D'Actrice Hana Sofia Lopes als LSC-Host
D’Hana Sofia Lopes huet bis ewell a méi wéi 60 Theater-, Film- an Tëleesproduktioune matgeschafft. Si stoung um LSC als Host op der Bün.

Flucht aus Lissabon, Capitani, Bad Banks, fir just e puer Nimm ze nennen. D’Hana Sofia Lopes huet bis ewell a méi wéi 60 Theater-, Film- an Tëleesproduktioune matgeschafft. Leschte Samschdeg huet si mat vill Energie de Luxembourg Song Contest moderéiert. Eng Première fir d’Schauspillerin. An dat och nach matte wärend de Prouwe fir en neit Theaterstéck am TNL. D’Première vum Theaterstéck ass just véier Deeg nom Optrëtt beim LSC.

“Voleurs d’Amour” heescht d’Stéck an ass vum Nicolas Steil a Frank Hoffmann. D’Theema: Gewalt an der Famill an d’Léift vun de Kanner fir hir Elteren. D’Hana Sofia pendelt an den Deeg virum LSC tëscht zwou emotionale Welten. Déi faarweg-frou vum Song Contest am Kontrast mat enger däischter-traureger am Theater. Keen einfache Spagat. Um Dag vun der grousser LSC-Show an der Escher Rockhal hat d’Hana Sofia souguer moies nach eng Prouf am Theater an der Stad.

D’Actrice huet eis erzielt, wéi stresseg déi lescht Deeg virum LSC waren a wéi si awer alles ënnert een Hutt kritt huet.

Back to Top
CIM LOGO