Backstage a SpezialeffekterKleng Geschichten a groussen Opwand ëm den LSC, zemools wa Konfetti am Spill ass

Sandy Schmit
Lea Schwartz
Olivier Catani
Sibila Lind
Wéi grouss ass den Opwand, esou eng Show wéi den LSC op d'Been ze stellen? Mir hunn eis dat Ganzt méi genee ugekuckt a verroden Iech och kleng Detailer.
© Steve Müller

Wéi entstinn d’Spezialeffekter?

Damp op der Bün, Effekter vun alle Säiten an et reent Konfetti. Dat si Momenter, déi de Public beandrocken, matrappen a fir eng speziell Atmosphär bei groussen Eventer suergen. Ma wéi entstinn dës Effekter? Mir waren hannert de Kulisse vum Luxembourg Song Contest an hunn den Ekippen iwwer d’Schëller gekuckt. Ronn 200 Techniker, Artisten a Spezialiste sinn onermiddlech am Asaz. Jiddereen huet seng Responsabilitéiten, ënner aneren d’Ekipp vun de Spezialeffekter.

Méi wéi 30 Apparater fir esou speziell Effekter goufe fir den Event dëst Joer agesat, wéi zum Beispill Niwwelmaschinnen oder Konfettiskanounen. Kniwweleg ass dat dacks mat de Kabelen, fir déi net ze verwiesselen an op déi richteg Effekter an och déi richteg Positioun ze setzen, sou de Ken Fitzke. Hie war mat senger Ekipp an der Rockhal zoustänneg. Bei der Generalprouf, een Dag virun der grousser Finall mat Spectateuren, ginn all d’Spezialeffekter fir all eenzele Optrëtt nach emol getest. Och d’Kënschtler ginn eréischt um éischte Proufdag gewuer, wéi hiren Dekor ausgesäit a wat ageplangt ass. D’Decisioun wéi alles ausgesäit, gëtt intern geholl.

Wat de Spectateur bei der grousser Show net matkritt hat

Wärend enger vun de Performance sollt et Konfetti reenen. Dat technescht Team krut d’Instruktioun d’Bün esou séier wéi méiglech ze botzen. 40 Sekonne soll dat am Idealfall daueren. Ma hei huet et allerdéngs gutt 8 Minutte gedauert. Den techneschen Direkter huet no Léisungen gesicht, um Enn war déi: kee Konfetti.

Wéi entstinn d'Spezialeffekter um LSC?
Damp op der Bün, Effekter vun alle Säiten an et reent Konfetti. Dat si Momenter, déi de Public beandrocken.

Kleng Geschichte ronderëm ee groussen Owend

Et war deen Owend op deen déi aacht Kandidate laang higeschafft hunn, mee net just si. Mir hate jo e puer Woche virun der Finall 3 Generatioune vun ESC-Fans gesicht. Déi hu mir och fonnt an op de Luxembourg Song Contest invitéiert. Hir Geschicht, wéi si zu esou grousse Fans goufen, konnte si live wärend der Show erzielen.

Ma net just si haten ee speziellen Optrëtt um LSC. Deen haten och d’Kanner vum “You Can Sing"-Contest, déi zesumme mam Laura Thorn en Optrëtt haten. Gewisen hu si eng nei Versioun vu “La poupée monte le son”. Ma mir hunn e puer Profiller vu Leit zesummegesicht, déi de Luxembourg Song Contest zu deem gemaach hunn, wat en ass. Vun couragéierte Fans, Live-Interviewen a Pressevertrieder souguer aus Australien, déi iwwert de Contest hei am Land bericht hunn.

Kleng Geschichten a groussen Opwand ëm den LSC
Et war deen Owend op deen déi aacht Kandidate laang higeschafft hunn, mee net just si.

Nei Head of Delegation Elisabeth Conter am Interview

Si ass ganz zefridde mam Endresultat, sou d’Elisabeth Conter am Gespréich am groussen RTL-Studio. Dat wier d’Belounung fir déi ganz stresseg Deeg, Wochen a Méint virdrun. Ma bis dohi wier et ëmmer eng Achterbunn, deen ee Moment ass een zefridden, deen anere geet nees alles schif. “Bis zum leschte Moment weess een net, wéi et am Endeffekt ausgesäit. Mir sinn awer lo ganz ganz zefridde mam Resultat”, sou déi nei Head of Delegation a Projetsmanagerin vum LSC.

Si erkläert eis awer och, wat et mat där faméiser “ESC-Bubble” op sech huet. E Wuert, dat am Hibléck mat der Eurovisioun, ëmmer nees fält.

Nei Head of Delegation Elisabeth Conter am Interview
Vun engem ganz zefriddenen Endresultat, schwätzt d’Elisabeth Conter am Gespréich mam Olivier Catami.


De Luxembourg Song Contest 2026 a Biller


Back to Top
CIM LOGO