Lëtzebuerger Futtballer am AuslandSinani mat Gol fir St. Pauli, Dardari wënnt mat Greuter Fürth

RTL Lëtzebuerg
An der drëtter däitscher Liga gouf et donieft eng Auswäertsvictoire fir Mannheim mam Luc Holtz an dem Vincent Thill.
© CHRISTIAN CHARISIUS DPA DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP 14092025

An der Bundesliga huet St. Pauli sech musse knapp 1:2 zu Augsburg geschloe ginn. Den Danel Sinani huet no enger hallwer Stonn en Eelefmeter verwandelt an domat den 1:0 fir d’Hamburger geschoss, um Enn konnt Augsburg de Match awer dréinen. De Sinani ass no 63. Minutten ausgewiesselt ginn.

Donieft huet Borussia Mönchengladbach ouni den Tiago Pereira Cardoso am Kader 1:1 zu Bremen gespillt.

An der 2. Bundesliga huet Greuter Fürth sech mat 2:1 zu Kiel duerchgesat. Dee vun Augsburg ausgeléinten Aiman Dardari ass an der 66. Minutt agewiesselt ginn an huet an der 77. Minutt mat engem Dribbling en Eelefmeter erausgeholl, dee vum Futkeu zum decisiven 2:1 verwandelt ginn ass. Fürth feiert domat eng wichteg Victoire am Ofstigskampf, bleift awer op der leschter Plaz.

D’Resultater an d’Tabell aus der 2. Bundesliga.

An der 3. däitscher Liga gouf et fir Mannheim ënnert dem Luc Holtz eng 3:1-Victoire bei Viktoria Köln. De Vincent Thill stoung am Kader, hien ass awer net zum Asaz komm.

An der italieenescher 2. Divisioun konnt Venedeg sech 2:1 géint Carrarese duerchsetzen an déi éischt Tabelleplaz domat verdeedegen. De Seid Korac ass bei Venedeg an der Nospillzäit agewiesselt ginn.

Back to Top
CIM LOGO