Cyclocross-WMMathieu van der Poel fir déi 8. Kéier Weltmeeschter

Jeff Birsens
E Sonndeg war am hollänneschen Hulst de leschten Dag vun der Cyclocross-WM, wou de Mathieu van der Poel eng historesch Victoire gefeiert huet.
Netherlands' rider Mathieu van der Poel competes in the Cyclocross World Championships in Hulst, Zeeland on February 1, 2026.
© ANP/AFP

Um drëtten Dag vun der Cyclocross-WM zu Hulst huet sech de Mathieu van der Poel bei der Hären Elite duerchgesat an domat säi Weltmeeschtertitel verdeedegt. Den 31 Joer alen Hollänner ass 35 Sekonne viru sengem Landsmann Tibor del Grosso a 46 Sekonne virum Belsch Thibau Nys ukomm. Fir de Mathieu van der Poel ass et en historeschen aachte WM-Titel am Cyclocross. D’Resultat vum Loïc Bettendorff ass aktuell nach net bekannt.

Bei der U23 vun den Dammen ass d’Leonie Bentveld nei Weltmeeschterin. Mat engem Chrono vun 43:08 Minutten ass d’Hollännerin déi Éischt ginn, dat mat 11 Sekonne virun der Viktoria Chladonova aus der Slowakei a 57 Sekonne virun der Fransousin Célia Gery. D’Liv Wenzel ass heibäi op déi 15. Plaz komm, dat mat engem Retard vun 3:03 Minutten.

Och bei der U19 vun den Hären ass de Weltmeeschtertitel un en Hollänner gaangen. Den Delano Heeren war néng Sekonne virum Italieener Filippo Grigolini an 10 Sekonne virum Belsch Giel Lejeune op der Arrivée ukomm. Beschte Lëtzebuerger war de Ben Fleming mat engem Retard vun 3:25 Minutten an enger 35. Plaz. De Ben Koenig ass den 51. ginn.

Weider Artikele vun der Cyclocross-WM 2026

Back to Top
CIM LOGO