
Déi geplangten Unisex-Toiletten an den neie Gebailechkeete vum LTC haten dës Woch fir vill Opreegung gesuergt. Och an der Koalitioun ass ee sech beim Sujet net eens. Elo kënnt och Kritik vun der FÉDUSE-CGFP um Pilotprojet vum Educatiounsministère.
Der Proffegewerkschaft no sollt een genderneutral Toiletten als zousätzlech Offer installéieren, an déi separat Toilette fir Meedercher a Jongen bäibehalen. Et wier een och zu kengem Moment an den Entscheedungsprozess mat agebonne ginn, schreift d’FÉDUSE-CGFP . D’Gewerkschaft géing sech dann och wënschen, datt aner Dossiere am Secondaire mat der selwechter politescher Energie géingen ugepaakt ginn.
De Pilotprojet ass och e Méindeg de Moien nach emol Thema bei eis um Radio, mat enger Reaktioun vum DP-Educatiounsminister Claude Meisch.