COSL SpillfestRonn 20.000 Leit um Kierchbierg

Lynn Cruchten
Mat engem neie Site an enger erweiderter Offer huet d'COSL Spillfest dëst Joer esou vill Leit ewéi nach ni ugezunn.

De Kierchbierg stoung en Donneschdeg ganz am Zeeche vum Sport. Bei der Coque am Park hu méi wéi 50 Sportfederatiounen um COSL Spillfest deelgeholl, an dat mat groussem Succès: ronn 20.000 Leit ware mat dobäi, wat en neie Rekord ass.

Et war déi éischte Kéier, datt d'Evenement op dësem grousse Site organiséiert gouf. Fir de Burkhard Disch, Responsabel fir d'Promotioun vum Sport beim COSL, bréngt dat vill Virdeeler: "Mir hunn d'Méiglechkeet, mat der Tram hei hinner ze kommen a mir hunn all Facilitéiten, indoor […] an de Park Kierchbierg."

Vill Sportaarten ze entdecken

Iwwer 70 Ateliere goufen ugebueden, fir de Visiteuren en Abléck an déi vill Sportaarten zu Lëtzebuerg ze ginn. D'Zil: d'Leit motivéieren, selwer aktiv ze ginn.
Vill Kanner a Jugendlecher hunn d'Geleeënheet genotzt, fir nei Disziplinnen auszeprobéieren. "Et ass wierklech cool fir e bëssen ze kucke vun all de Sportaarten", seet eng jonk Sportlerin.
Och nei Offere waren dobäi, wéi e Schwamm-Atelier mat Tauchen.

Nieft dem sportlechen Deel gouf och vun der Organisatioun eppes Neies getest. De bekannte Stempel-System gouf digitaliséiert: Participanteë konnten hir Aktivitéiten iwwer e personaliséierte QR-Code erfaassen.

"Dat ass […] eng gutt Possibilitéit fir all Participant, fir sech mat dem Veräin ze vernetzen", esou de Burkhard Disch vum COSL. Zousätzlech gouf och Inclusioun grouss geschriwwen.

Groussen Undrang

De Succès huet sech scho fréi ofgezeechent. Schonn zwou Stonnen no der Ouverture goufen iwwer 5.000 Aschreiwunge gezielt. Laang Schlaange virun den Ateliere waren e kloert Zeechen, datt d'Interessi grouss war.

Op den neie Site sech och laangfristeg duerchsetzt, soll no dëser Editioun analyséiert ginn. Kloer ass awer schonn elo: d'COSL Spillfest bleift e Publikumsmagnéit. Ronn 700 Benevole waren den Dag iwwer am Asaz.

COSL Magazin

Back to Top
CIM LOGO