
Villäicht soll een de Jury awer net ze vill luewen, well et war wuel schwéier an engem duerchaus schwaache Wettbewerb, di puer gutt Filmer ze verpassen. Esou goung de Goldene Bär, wéi mer dat och virausgesot haten, un den Iraner Mohammad Rasoulof fir säi Film THERE IS NO EVIL. 4 Geschichten, 4 Schicksaler, dräi dovun vun iraneschen Zaldoten déi wärend hirem Militärdéngscht, deem se sech schlecht entzéie kënnen, gezwonge ginn zu Doud Condamnéierter ze exekutéieren, ob Krimineller oder Regimegéigner. D’Fro ass: wéi kann een ënnert engem despotesche Regime moralesche Courage weisen? THERE IS NO EVIL ass net nëmmen e radikale politesche Film géint den iranesche Regime, en erzielt och formal an inhaltlech staark Geschichten.

De Mohammad Rasoulof war schonns mat sengen zwee leschte Filmer um Festival vu Cannes am “Certain Regard”. E krut do och e Präis fir “Un homme intègre”, an zugläich krut en dunn zu Teheran e Berufsverbot an eng eejähreg Prisongsstrof. Wärend der Zäit vum Appell, wou en nach net an de Prisong huet misse goen, huet en heemlech THERE IS NO EVIL gedréint. En huet de Projet als 4 Kurzfilmer, all Kéier mat engem anere Realisateur, duerch d’Zensur kritt.

De Film ass zu engem groussen Deel mat däitsche Sue produzéiert ginn, an de Präis ass vum Baran Rasoulof entgéint geholl ginn, der Duechter vum Realisateur, déi zu Hamburg lieft. De Goldene Bär wäert dem Mohammad Rasoulof kaum hëllefen de Prisong ze evitéieren. Trotzdeem ass de Präis an dësem Fall och e politesche Statement, deen de Regime zolidd emmerdéiere wäert. Teheran versicht mat grousse Kënschtler, a mat onpoliteschen, oder zumindest moderat kritesche Filmer (ee Beispill ass dee vu Lëtzebuerg ënnerstëtzen “Yalda”) international Präisser ze sammelen, a sech esou vun hirer besserer Säit ze weisen. Natierlech kann een net vun allen iranesche Kënschtler eng esou radikal Astellung verlaangen, wéi déi vum Mohammad Rasoulof, oder och vum Jafar Panahi.
De Silberne Bär a grousse Präis vum Jury, NEVER RARELY SOMETIMES ALWAYS vum Eliza Hittman, goung och un e politesche Film, deen awer kaum a Westeuropa, mee wuel an verschiddenen US-Staate vu Relevanz ass. De Film handelt vun der Odyssee vun zwee jonke Meedercher, déi weit aus hirer Provënzstad reese mussen fir eng Klinik ze fannen déi bereet ass en Avortement duerchzeféieren. De Film lieft vun senge rouegen, vill a Close-up gedréiten Zeenen an der schéiner Solidaritéit tëschent den zwou Fraen. E Präis ass duerchaus ze vertrieden, och wa mer “First Cow” vum Kelly Reichardt, der anerer US-Regisseurin am Wettbewerb, besser fonnt hunn. A wa mer schonns bei den US -Regisseurinne sinn, soe mer dass “Shirley” vum Josephine Decker, mam Elisabeth Moss, dee wuel beschten an originellste Film war, dee mer op der Berlinale gesinn hunn. Mee dee war net a Competitioun!

Di zwee Interpretatiounspräisser am Palmarès sinn och ouni Diskussioun: d’ PAULA BEER an “Undine” vum Christian Petzold an den ELIO GERMANO an der Roll vum italienesche Moler Ligabue am Giorgio Diritti sengem “Volevo nascondermi”.


Den Elio Germano war iwwregens och excellent am aneren italienesche Film FAVOLACCE vun de Bridder Fabio an Damiano D’Innocenzo, deen de Silberne Bär fir dat bescht Dréibuch kritt huet. Wéi an engem düstere Märche beschreift de Film d’Frustratioune vun e puer klengbiergerleche Familljen an hire Kanner, déi onerwaart eng ganz Communautéit bal explodéieren doen.

Den 3 Stonne laangen “Dau. Natasha”, dee wuel radikaalste Film am Wettbewerb, war just en Deel vun engem verrëckte russesche Projet (an enger Niewesektioun si weider 6 Stonne gewise ginn) iwwert e Fuerschungsinstitut an der Sowjetunioun, dat tëschent 1938 a 1968 funktionéiert huet, an dat 2006 rekonstituéiert gouf.

An enger Aart radikaler Performance gëtt do den Ënnergang vun engem perverse Regime dokumentéiert. Hei Kameramann ze sinn (et goufen iwwer e puer Joer honnerte vu Stonne Film gedréint) ass schonns eng Leeschtung fir sech. Mat dem Präis fir dem JÜRGEN JÜRGES seng Kameraaarbechtass awer och wuel ee vun de renomméierste Chef Operateure vun dem “Neuen Deutschen Kino” aus de 70er Joren geéiert ginn, deen esou markant Filmer gedréint huet wéi “Angst essen Seele auf” an “Effi Briest” ( Rainer Werner Fassbinder), “Deutschland bleiche Mutter” (Helma Sanders-Brahms), “Christiane F - Wir Kinder vom Bahnhof Zoo” (Ulli Edel) oder méi spéit “Funny Games” vum Michael Haneke.

Iwwert de Präis -70.Berlinale, (als Ersatz vum fréieren Alfred Bauer Präis) dee soll “neue Perspektiven der Filmkunst eröffnen”, léisst sech diskutéieren. Do war de Präisträger vum leschte Joer “Systemsprenger” vu bedeitend gréisserem Intérêt wéi déi franséisch Komedie EFFACER L’HISTORIQUE, vum Benoît Delépine a Gustave Kervern, déi wuel schrecklech witzeg ass, mat Momenter awer och penibel naiv an hirem “Gilet Jaune"-Militantismus géint d’GAFAen. Doriwwer kann awer geschwë jiddere sech um Luxfilmfest selwer e Bild maachen. Do leeft EFFACER L’HISTORIQUE genau wéi zu Berlin a Competitioun.
