
De Logement bleift d'Haaptsuerg vun de Leit. Den Accès zu abordabele Wunnenge bleift dann och dee Chantier, deen d'Politik direkt an Ugrëff muss huelen. Ënner anerem dat seet den neie Politmonitor vun Ilres am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort. Bei dësem Exercice sti wéi gewinnt d‘Sympathie an d‘Kompetenz vun de Politiker um Préifstand, allerdéngs ginn d'Leit awer och zu hire Suergen an zu aktuellen Theme befrot.
70 Prozent vu de Leit maache sech Suergen ëm den Zougang zu bezuelbarem Wunnraum, dat sinn der liicht méi ewéi beim leschte Sondage. Op d'Plaz 2 kënnt déi aktuell Weltlag an op d'Plaz 3 den Trafic. Hannendru stinn de Klimawandel an de Rietsextremismus. Déi aner Säit vun der Leeder fanne mer d‘Sujeten Zouwanderung a wirtschaftlech Situatioun, déi manner wéi en Drëttel vun de Leit als grouss Suerge genannt hunn. Beim Logement fält op, datt CSV-Stammwieler sech am mannste Suerge maachen, LSAP-Supporter dogéint am meeschten. Den Trafic bereet de jonke Leit tëscht 18 a 24 Joer manner Kappzerbrieches wéi den aneren Alters-Kategorien.
Déi dräi Themen, déi d‘Politik direkt muss upaken, sinn den Accès zum Wunnraum, de Klimawandel an d‘Sécherheet, woubäi de Sujet Sécherheet an der Lëscht vun de Suergen eréischt op der Plaz 14 opdaucht. Opfälleg ass hei och, datt d'Bierger wuel fannen, datt d'Politik net genuch fir bezuelbare Wunnraum mécht. Well dës Problematik steet zanter op d'mannst Juni 2021, esou wäit ginn eis Statistiken zeréck, op der Plaz 1 vun de Sujeten, déi eis Politiker u sech direkt missten an Ugrëff huelen.
49 Prozent bewäerten d'Tripartiteverhandlunge positiv, 31 Prozent negativ an all Fënneften huet op déi Fro näischt geäntwert. Jonk Leit gesinn den Accord vu Senneng generell méi skeptesch wéi eeler Persounen. CSV-Wieler sti bedeitend méi staark hannert dem Ofkommen ewéi déi vum Koalitiounspartner DP. D‘Supporter vun Déi Gréng gesinn d‘Verhandlunge réckbléckend méi positiv ewéi d‘Wielerschaft vun der LSAP. Am mannsten Ënnerstëtzung fir d‘Evenementer op der Tripartite kënnt vum Elektorat vun der ADR. Bal d‘Hallschent bewäert do d‘Gespréicher tëscht Regierung a Sozialpartner negativ.
D'Hallschent vun alle Befrote wier awer da bereet, fir op eng Indextranche ze verzichten. 69 Prozent vun den CSV-Wieler géingen dat maachen, 66 Prozent vun de Gréngen, 49 Prozent vun der DP, 48 Prozent vun de Sozialisten an 43 Prozent vun der ADR. Eeler Leit géingen dat iwwregens éischter maachen ewéi Jonker. Da wieren 48 Prozent bereet dozou, méi Cotisatiounen an d‘Gesondheetskeess anzebezuelen. De gréisste Jo kënnt do mat 72 Prozent vun de Gréngen an de gréissten Nee mat 76 Prozent vun den ADR-Stammwieler. Och bei dësem Sujet sinn eeler Leit méi retizent ewéi Jonker.
60 Prozent vun de Befrote soen, datt déi rezent Decisiounen, fir de Mindestloun ze héijen, net wäit genuch ginn. Leit, déi déi Gréng ënnerstëtzen, soen dat am däitlechsten, wärend eng knapp Majoritéit vun den CSV-Stammwieler fannen, datt d‘Hausse duer geet. Och hei gëllt: mam Alter ass ee méi der Meenung, datt d‘Erhéijung adequat war, déi Jonk gesinn dat majoritär anescht.
Fir de Politmonitor am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort gouf vun der Ilres eng representativ Stéchprouf vun 1.020 Leit gefrot. D'Interviewe sinn tëscht vum 16. an dem 26. Juni iwwer Telefon an online iwwer MyPanel vun der Ilres realiséiert ginn.
Weider Detailer iwwer d'Method an de Questionnaire vun dësem Sondage fannt Dir op Alia.lu. Minimal Differenze kënnen duerch d'Op- an Ofronnen entstoen.
Wann Dir d'Cookies net akzeptéiert hutt, ass et méiglech, datt Dir d'Grafiken net ugewise kritt.