Am Alter vun 71 JoerKonschthistoriker, Kritiker a Curateur Edmond Thill ass gestuerwen

Pierre Jans
D'Konschtwelt trauert ëm den Edmond Thill.
© RTL-Grafik

Am Alter vun 71 Joer ass den Edmond Thill virun e puer Deeg gestuerwen. Hie war Konschthistoriker, Kritiker an hien huet Ausstellunge curatéiert. An dat vill Jore laang.

Hien huet am Nationalmusée dem Grand Public den Accès zur Konscht méi einfach gemaach an Zesummenhäng erkläert. Den Edmond Thill war och Sekretär vun der Konscht- a Literatursektioun am Institut Grand-Ducal. A Juryen huet hien, deen d'Lëtzebuerger Konschtzeen aus dem Effeff kannt huet, seele gefeelt.

Den Edmond Thill war e Mann, deen an der Konschtwelt hei am Land net vergiess wäert ginn.

Back to Top
CIM LOGO