No presuméierter Attack op SchëffUSA revanchéiere sech mat Attack op den Iran

RTL mat AFP
E Freideg den Owend hunn d'USA matgedeelt, datt een Ziler am Iran attackéiert huet, als Revanche fir eng iranesch Attack op e Schëff an der Strooss vun Hormus.
Eng presuméiert iranesch Attack op e Schëff an der Strooss vun Hormus war den Ausléiser vun dësem US-Ugrëff op iranesch Ziler.
© INDRANIL ADITYA/NurPhoto via AFP

"Den US-Zentralkommando huet eng Attack géint den Iran als Reaktioun op eng iranesch Attack gëschter géint e Schëff, wat duerch d'Strooss vun Hormus gefuer ass, duerchgefouert", esou ass an engem Schreiwes ze liesen, dat op X publizéiert gouf. Zil wiere Plaze gewiescht, wou Rakéiten a Drone gelagert ginn respektiv Sitten, op deene Radaren installéiert sinn.

Dës "Attack, déi net ze justifizéieren ass, op e kommerziellt Schëff vun den iraneschen Truppen ass e klore Verstouss géint d'Wafferou", heescht et weider vun der US-Arméi.

Back to Top
CIM LOGO