10.-12. Juli 2026Museksfestival "Beautiful Decay" am Käercher Schlass, "Secret Headliner" gëtt e Freideg annoncéiert

Claudia Kollwelter
Dëse Weekend ass déi 5. Editioun vum Beautiful Decay zu Käerch, e Museksfestival, deen iwwert d'Jore gewuess ass an ausgebaut gouf.
© Claudia Kollwelter

Dëse Weekend ass déi 5. Editioun vum Beautiful Decay zu Käerch, e Museksfestival, deen iwwert d'Jore gewuess ass an ausgebaut gouf.

Optakt vum Festival ass e Freideg, deen a Collaboratioun mam PEAK Kollektiv komplett der elektronescher Musek dediéiert ass. Samschdes a sonndes kommen d’Fans vum Rock, Hip Hop, Indie an Alternativen op hir Käschten. En Highlight dierft do sécherlech sonndes de Concert vun der australescher Rockband Jet ginn.

An do ass een och ganz houfreg drop, gëtt den Thierry Schmitz vun de Käercher Schlassfrënn zou: “Jet huet eis ugeschriwwen. Dat war mol eng Kéier eng grouss Band déi gefrot huet, ob Jet näischt wier fir de Beautiful Decay.”

Wichteg bei der Programmatioun wier ëmmer e gudde Mix tëscht internationalen an nationale Bands. Vu Lëtzebuerg sinn dëst Joer zum Beispill The Disliked, Stay Fou oder d'Waffle Killers mat dobäi. Vill däitschsproocheg Acts trieden dann och op, dorënner de Bibica, Tiavo oder och nach e Secret Headliner. Wéi kënnt een dann un esou Artisten?

“Heiansdo froe mer bei lëtzebuergesche Museker no, zum Beispill beim Secret Headliner hat ech den Tun Tonnar gefrot, ob hie weess, wien d'Agentur ass. An d'éischt Joer hate mer de Georges, deen eis gehollef huet, de Bartleby, deen och mam Nils Engel elo mat Engelbert sonndes um Festival spillt, wou eis och vill Tipps ginn huet. Dat heescht, do hu mer ëmmer eis Leit, déi eis ënnerstëtzen. An och d'lescht Joer den Tun Biever, deen eis vill Tipps ginn huet an eis ënnerstëtzt huet.

Well sou vill däitsch Bands dobäi sinn, fiert dëst Joer eng éischt Kéier eng Navette vu Saarbrécken aus op de Site an zréck.

Witzeg ass, dass eng Band, Theke 1, souzesoen den däitsche Mambo Schinki, dat sinn zwee Typpen, déi fuere mam Bus mat an déi maachen e bëssen Halli Galli an déi fueren och sonndes no Jet mam Bus rëm zréck op Saarbrécken”

De Beautiful Decay ass wuel e Museksfestival, mee och de Volet Konscht spillt eng Roll, erkläert den Thierry Schmitz:

“Dat heescht, do hu mer eise Craftwork Village, wou mer dëst Joer 22 Stänn hunn, dat ass direkt wann een an de Festival erakënnt. Wat nei ass, fir elo déi 5. Editioun, dass mer d'Craftwork Village och scho freides op hu beim Elektro, dat heescht do ass d'Duerf scho belieft. An dann hu mer samschdes e Kidsfestival, wou Animatioun ass, Workshops, Sprangschlässer, Iessen an Drénke fir d'Kanner. E Graffiti-Workshop an dann Animatioun mat Liveacts an, dat ass och nei dëst Joer, hu mer déi éischte Kéier eng Kannerband, wou mer dat emol testen. A wann dat gutt ukënnt, maache mer vläicht d'nächst Joer esou ee Kanner-Line-up.”

Nei dëst Joer ass donieft och eng Wäibar mat lokalen, mee och internationale Wënzer.

De komplette Programm mam Line up fannt Der ënner beautifuldecay.lu.

De Secret-Headliner gëtt iwwerdeems e Freideg de Moien annoncéiert!

© Claudia Kollwelter

Back to Top
CIM LOGO