Net nëmmen op der Weltmeeschterschaft an den USA, Kanada a Mexiko gouf en Dënschdeg Futtball gespillt, mee och an Europa. Ënner anerem am éischten Tour vun der Champions-League-Qualifikatioun. De Champion Biissen war en Dënschdeg auswäerts zu Klaksvik op de Färöer Inselen am Asaz. An hirem éischten internationale Match hu sech déi Biisser 1:2 misse geschloe ginn. E Mëttwoch huet dunn d’Wieder net matgespillt.
Geplangt war, datt de ganze Biisser Convoi e Mëttwoch de Mëtteg um Findel géing landen. Wéinst dem villen Niwwel an deelweis Stuerm ass de Fluch zeréck op Lëtzebuerg ausgefall. Op de Färöer Inselen huet een deemno no Léisunge misse sichen.
Eric Veiga: "D'Fligeren, déi fléien hei déi ganzen Zäit ronderëm a si hunn et net hikritt, ze landen. Eise Fliger huet souguer virun enger annerhallwer Stonn probéiert ze landen, en ass awer erëm weidergeflunn an huet et net hikritt. Elo ass en an Dänemark. Mir wäerte warscheinlech eréischt muer géint 15.00 Auer zeréckfléien."
De 7. Juli 2026 bleift trotzdeem en historeschen Dag fir Atert Biissen. No dem sensationelle Championstitel als Opsteiger d’lescht Saison huet de Club vum President Carlos Teixeira säin éischten internationale Match gespillt. Veiga, Feber a Co. goufen awer fréi kal erwëscht. Den 1:0 fir Klaksvik no 13 Minutten.
D’Ekipp vun de Färöer Inselen, déi sech 2023 fir d'Conference-League-Gruppephas qualifizéiert hat, wollt nach an der éischter Hallschent noleeën, ma dat ass hinnen awer réischt nom Säitewiessel gelongen. Den 2:0 an der 50. Minutt wier aus Biisser Siicht sécherlech ze evitéiere gewiescht.
Ma duerno hat Biissen awer Charakter gewisen a war besser an de Match erakomm. D’Belounung war de wichtegen 1:2 vum Tiago Rodrigues no 57 Minutten, duerch deen an am Réckmatch d'nächst Woch nach alles op ass.
Eric Veiga: "Virun allem vun der zweeter Hallschent hu mer extreem vill positiv Saachen, déi mer mathuele kënnen. Ech mengen och, déi Nervositéit ass och e bësse fortgaangen. Ech gleewe schonn drun, dass mir do eppes ganz Positives rauskréien."
De Retourmatch ass fir den nächste Mëttwoch ëm 20.15 Auer am Stade de Luxembourg programméiert. Bis dohin hoffen déi Biisser dann, de Chaos um Flughafen op de Färöer Inselen verdaut ze hunn.