Fir eng nohalteg Upassung un de KlimawandelD'Stad Lëtzebuerg huet hiert Begréngungskonzept presentéiert

Raphaëlle Dickes
37 Standuerter goufen ausgewisen, déi nohalteg sollen ugepasst ginn. 7 Projete wäerten elo prioritär ëmgesat ginn.
Begréngungskonzept Stad Lëtzebuerg
7 Standuerter goufen ausgewisen, déi nohalteg sollen ugepasst ginn. 7 Projete wäerten elo prioritär ëmgesat ginn.

D'Stad Lëtzebuerg huet e Mëttwoch hiert Begréngungskonzept virgestallt, dorënner d'Begréngung vum administrative Gebai vun der Stad Lëtzebuerg op der Rocade de Bonnevoie. E bësse méi erof, bei der Passerelle soll d'Mauer laanscht d'Strooss begréngt ginn. D'Plaz bei der Bouneweger Kierch gëtt an enger Testphas vu Mëtt Juli bis Mëtt September am Kader vu "Mäi Quartier, meng Plaz" mat Sëtzgeleeënheeten a Fräizäitinfrastrukturen amenagéiert, wou d'Leit sech treffe kënnen.

Déi 7 Projete goufen der Drénglechkeet no prioriséiert. Et géing och drëms, de richtege Message ze ginn, datt d'Stad sech wëll méi nohalteg opstellen, seet den éischte Stater Schäffe Maurice Bauer. Ausserdeem wéilt ee weisen, wat méiglech wär a mam gudde Beispill virgoen. Dofir soll och dat administratiivt Gebai vun der Stad Lëtzebuerg op der Rocade de Bonnevoie begréngt ginn.

Vill verschidde Facteure goufe berécksiichtegt

Wou ass méi Begréngung néideg, fir d'Stad besser op déi méi waarm Temperaturen a Staark-Reen virzebereeden? Fir dat erauszefannen, goufe vill Facteuren an d'Analys mat abezunn, wéi d'Dicht vun de Kroune vun de Beem, de Gréngflächekadaster, urban Plaze wou nach kal Loft entsteet, oder d'Hëtzt-Inselen an der Stad, erkläert de Pierre Schmitt, Ëmwelt-Beoptraagte vun der Stad Lëtzebuerg.

"Et ass och ze kucken, zum Beispill, wat en anere Phenomeen vum Klimawandel ass, dat sinn déi ëmmer mi staark Reener. Wéi kann och do Begréngungskonzept dozou bäidroen, fir eng Interceptioun ze maache vum Reen, datt e mol guer net op de Buedem ukënnt."

D'Begréngungskonzept wier ee Kaderprogramm fir déi nächst 5-10 Joer, deen ëmmer nees wäert ugepasst ginn, huet d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer ënnerstrach. Déi 37 Standuerter sollen op Dauer alleguer op de Leescht geholl ginn. Mat verschiddene Mesuren, ugepasst un d'Spezifizitéite vun deenen eenzele Plazen, erkläert de Maurice Bauer: "Do gëtt et eng ganz Toolbox vu Méiglechkeete vun Entsigelung, vu méi Beem planzen, vu Beschattung ze maachen, vun enger Héichwaasserpolitik."

Aktuell ginn et schonn Hëllefe wann een Diech begréngt, d'Stad Lëtzebuerg wëll de Bierger an Zukunft mat Rot a weidere Subside bei der Begréngung vun hirem Terrain, hirer Proprietéit ënnerstëtzen. Am September soll de Gemengerot en entspriechende Projet virgeluecht kréien, esou d'Lydie Polfer. Et wéilt ee sech orientéieren un den Aiden, déi de Staat scho gëtt an do nach eng Kéier 50 % drop leeën. Et géing drëms ze weisen, datt och d'Bewunner e wichtegen Deel an deem Ganze wieren.

Leit encouragéieren, fir besser op sech opzepassen

Fir de Knuedler, de Glacis oder d'Place de Paris si keng zousätzlech Begréngungsmesurë virgesinn. Dat wär deels net méiglech, wéinst dem Parking oder den Tram-Infrastrukturen. Ausserdeem bräicht een dës Plaze fir Evenementer, wéi d'Schueberfouer oder de City Sounds zum Beispill. Do hätt d'Stad och gratis Waasser un d'Leit verdeelt. D'Stater Buergermeeschtesch wëll awer och nach Efforte maachen,"fir d'Leit selwer ze encouragéieren, besser op sech an hir Famill opzepassen". Bei décker Hëtzt sollt ee sech besser op Plazen ophalen, wou Schiet ass. D'Stad hätt jo vill schéi Parken.

D'Lydie Polfer schléisst awer och net aus, datt wann den ieweschten Deel vum Glacis eng Kéier frësch gemaach gëtt, een dat kéint op eng aner Manéier maachen.

Back to Top
CIM LOGO