
De 17. Juli 1996 bréngt d’Band Placebo hiren éischten Album mam selwechten Numm eraus. Mam Succès koum awer och Polemik: déi brittesch Press fokusséiert sech op déi provokant Texter, den androgyne Look an déi nasal Stëmm vum Sänger Brian Molko. Zwee Joer méi spéit kënnt den Album “Without You I’m Nothing” eraus a reit sech bei de méi “mytheschen” Alben aus den 90er an.
Gutt 28 Joer méi spéit ass d’Rockband zréck a geet mat “Placebo RE:CREATED” op Tournee. En Album, deen den 19. Juni erauskomme soll an iwwerschafft Versioune vun 10 Lidder vun hirem éischten Album presentéiert, souwéi zwee Bonus-Lidder aus der éischter Editioun. Dës Album “fänkt d’Evolutioun vun dëse Stécker am Laf vun de Joerzéngten an an schützt an engems d’Energie, déi se charakteriséiert huet”, esou de Grupp op hirem Site. De viregten Album “Never Let Me Go” koum 2022 eraus.
Den 9. Oktober 2026 ass de Grupp dann an der Rockhal fir hiren 30. Anniversaire ze feieren. Dat mat Lidder vun hirem éischten Album, wéi “36 Degrees” oder “Nancy Boy”, awer och mat Titele wéi “Pure Morning”, “Without You I’m Nothing” oder “Every You Every Me” vun hirem zweeten Album.
Véier Joer no hirem leschten Optrëtt an der Rockhal kënnt de Grupp zréck an e Land, mat deem si e spezielle Lien hunn. De Brian Molko (Guittarist a Sänger), deen hallef Amerikaner an hallef Britt ass an de Schweed Stefan Olsdal (Bass) waren nämlech zesummen an der “American International School of Luxembourg” zu Hollerech. Deemools hate si awer net wierklech eppes mateneen ze dinn. Eréischt 1994 hunn déi zwee sech a Groussbritannien erëm gesinn an zesumme mam Schwäizer Robert Schultzberg Placebo gegrënnt.
De 25. Mäerz um 10 Auer ginn d’Ticketen um Site vun der Rockhal an de Virverkaf.