
De Kulturministère huet e Méindeg de Moie véier nei respektiv iwwerschafften Online-Outile virgestallt, fir d’Lëtzebuerger Sprooch am digitale Raum ze fërderen. D’Zuel vun den Utilisateure vun de verschiddene Sitte géing ëmmer méi grouss ginn. Gläichzäiteg géing ee mierken, dass ëmmer méi Leit Lëtzebuergesch wëlle léieren. Doropshi hätt een d’Offer virun allem am digitale Raum ausgebaut an nach méi accessibel gemaach.
Ëmmer méi Leit sinn digital ënnerwee a fir déi z‘erreechen, gëtt d’Offer op genee deene Plattformen auszebauen. Et wéilt een, esou de Kulturminister Eric Thill, d’Lëtzebuerger Sprooch méi visibel maachen.
Den Ortho-Trainer ass, wéi den Numm et schonn erkläert, eng Internetsäit, wou een d’Lëtzebuerger Orthographie léieren an trainéiere kann. De Site ass iwwerschafft ginn, fir e méi zougänglech a benotzerfrëndlech ze maachen. E bitt interaktiv Übunge mat direktem Feedback un an erkläert d’Reegelen op eng verständlech Manéier.
D’Sproochmaschinn gouf genee esou iwwerschafft a besteet aus zwee Deeler. Et ass eng Plattform, déi mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz schafft, geschwate Lëtzebuergesch kann automatesch an e schrëftlechen Text ëmgewandelt ginn. Op där anerer Säit kënne geschriwwen Texter virgelies ginn.
D’Sproochmaschinn gouf elo mat duebel esou vill Donnéeë gefiddert wéi virdrun a kann elo nach besser Feeler detektéieren. Béid Programmer hunn eng Funktioun, mat där Mënsche mat Lies- a Schreifschwieregkeeten d’Texter méi einfach erkennen a verstoe kënnen.
Dann nach den LOD, de Lëtzebuerger Online Dictionnaire, deen op lëtzebuergesch, däitsch, franséisch, englesch, portugisesch an a Gebäerdesprooch funktionéiert. Nei ass elo, datt hollännesch dobäi kënnt an dofir ass en eegene Site virgesinn, wéi d’Sara Martin vum Zënter fir d’Lëtzebuergesch Sprooch, erkläert.
“Fir dass een och gesäit, dass et en eegene Produit ass, dee vu Benevolle gemaach ass. Zwar mat eiser Ënnerstëtzung, mee do ass wierklech Stonnen a stonnelaang Aarbecht vu Benevollen agefloss. An déi kréien all 6 Méint en neie Fichier vun eis geschéckt, wou si gesinn, wat dobäi komm ass, wat geännert huet, a si hunn dann och erëm iwwer puer Méint Zäit, fir dat dann unzepassen, sou dass mir dann och ëmmer an engem Roulement sinn, wou mir dann all 6 Méint de Site kënnen opsetzen. Och Feedback, dee mir an där Zäit erakréien iwwer d’Hollännescht, fléisst da mat eran. Et ass alles an deem Sënn méi statesch an dofir mécht dat och Sënn, en eegene Produit ze hunn.”
De Kulturminister erkläert iwwerdeems, dass een an engem gudden Echange mat der Firma Microsoft wier, fir de Spellchecker a Systemer wéi Word an Outlook z’integréieren. Bei Apple géingen d’Gespréicher sech bësse méi zéien, et wier een awer zouversiichtlech, datt een och hei an Zukunft den Online-Tool, deen d’Lëtzebuerger Orthographie automatesch kontrolléiert a verbessert, integréiert kritt.
Dobäi kënnt nach, dass de Spellchecker deemnächst och als App um Smartphone disponibel wäert sinn.