Déidlechen Tëschefall an engem Regionalzuch zu LandstuhlDe presuméierten Täter war um Dag vun der Attack schonn eng Kéier opgefall

AFP, iwwersat vun RTL
No der déidlecher Attack op e Kontroller an engem Regional-Zuch a Rheinland-Pfalz d'lescht Woch si weider Detailer bekannt.
D’Gare zu Landstuhl no der déidlecher Attack.
© WOLFGANG JUNG/dpa Picture-Alliance via AFP

De presuméierten Täter vun der déidlecher Attack op e Kontrolleur an engem Regionalzuch zu Landstuhl, dee vu sech selwer behaapt, dass hien zu Lëtzebuerg géif wunnen, war nämlech um selwechten Dag schonns emol negativ opgefall.

D’Bundespolizei hätt de 26 Joer ale Mann zu Kaiserslautern aus engem TGV geholl, well hien do randaléiert an an eng Dier gerannt hat. Schued wier allerdéngs keen entstanen an hien hätt och e valabelen Ticket bei sech gehat, firwat et zu kenge weidere Suitten komm wier, schreift de “Spiegel”.

Dono wier hien dunn an de Regionalzuch geklommen, wou hien ebe kuerz drop de Kontroller attackéiert hat, deen duerno u senge schwéiere Blessuren gestuerwen ass. De Mann sëtzt weider an Untersuchungshaft.

Back to Top
CIM LOGO