An der tierkescher Provënz Van am Südoste vum Land gëtt et en Zentrum, dee sech op Van-Kazen konzentréiert, déi aus dëser Regioun stamen an déi un hirem schnéiwäisse Fell z’erkenne sinn.
1992 gouf dëse Fuerschungszentrum gegrënnt, fir déi ursprénglech Form vun der Van-Kaz z’erhalen. Zu där Zäit ass d’Populatioun vun de rengrassege Van-Kazen staark zeréckgaangen, esou de Chef-Fuerscher vun der Van Yuzuncu Yil University, den Abdullah Kaya. Den Zenter, an deem d’Kaze gehalen a geziicht ginn, gehéiert zu der Uni. Dat lescht Joer konnt een am Zentrum 110 rengrasseg Kazen ziichten, erkläert hie weider.
Ma d’Aarbecht, fir d’Rengrassegkeet vun dësen Déieren z’erhalen, war am Ufank ganz schwiereg, well déi meescht Kaze vun der Strooss koumen a sech do scho mat anere Rasse vermëscht haten. “Well mer d’Kaze vun der Strooss geholl hunn, ware 60 bis 70 Prozent vun deenen, déi neigebuer goufen, schwaarz-wäiss. Dat genetesch Verhältnis ass antëscht op 5 Prozent zeréckgaangen,” erkläert de Fleeger Mehmet Atar Bayir.
Visiteuren dierfen an den Zwinger, an deem Dosende vu Van-Kaze gehale ginn, goen an d’Déieren och heemelen a fidderen. “Virun allem komme Familljen, well si hire Kanner d’Léift zu den Déiere wëlle vermëttelen”, esou de Bayir weider.