
Mat de méi mëllen Temperaturen am Fréijoer fänkt zu Lëtzebuerg eng ganz wichteg Zäit fir eis Amphibien un: d’Moukewanderung. Fräschen, Mouken a Molche maache sech dann op de Wee vun hirem Wanterquartier zeréck bei hir Läichgewässer, wou si sech fortplanzen. D’Lieke Mevis vun Natur & Ëmwelt erkläert:
“Engersäits muss et nuets waarm genuch sinn, datt se kënne wanderen, well et si wiesselwaarm Déieren, fir sech ze beweegen, brauche se eng gewësse Kierpertemperatur. A si hunn esou eng Schläimhaut, dofir brauche se eng gewësse Loftfiichtegkeet. Dat heescht, normalerweis wandere se tëscht Februar a Mäerz, wann d’Temperaturen nuets iwwer fënnef Grad sinn an et dann och nach reent. Si brauchen déi Konditiounen, virdru wandere se net.
Fir d’Déieren ass dat eng geféierlech Rees, well si dacks iwwer Stroosse mussen. All Joer ginn Dausende vun Amphibien op dësem Wee iwwerfuer. Fir dat ze verhënneren, gi vill fräiwëlleg Beschützer aktiv:
“Dat sinn esou mobil Barrièren, déi opgestallt ginn, fir datt d’Mouken an d’Fräschen net einfach esou op d’Strooss lafe kënnen, well se soss iwwerrannt ginn. Entweder leeden déi Bande se op eng Plaz, wou se souwisou sécher iwwer d’Strooss kommen, ouni dass se iwwerrannt ginn oder et ass a Kombinatioun mat Benevollen, déi déi Fräschen da laanscht déi Banden oprafe ginn a Se dann iwwer d’Strooss droen, dass se net vun den Autoe gepackt ginn.”
Awer och als Automobilist kann een e wichtege Bäitrag leeschten. An deene Géigenden, wou Warnschëlter opgestallt sinn, soll ee besonnesch lues fueren:
“Wann ee seng Vitess erofsetzt, dat heescht, wann ee méi lues fiert, kann ee scho ganz ganz ville Mouken d’Liewe retten. D’Mouke selwer hunn ebe kee ganzt grousst Kierpergewiicht a wann en Auto mat 50 iwwert d’Strooss fiert, dann entsteet ënnert dem Auto esou e Sog. Dat kennt ee vläicht, wann ee mam Vëlo fiert an et gëtt ee vun engem Bus oder Camion e bësse méi no iwwerholl, da gëtt een esou ugezunn. Bei de Mouken ass dee Sog esou staark, dass se doduerch ënnert den Auto gezu ginn an da stierwen.”
D’Moukewanderung dauert normalerweis e puer Wochen, jee no Wieder. Et ass also eng kuerz, awer entscheedend Zäit fir d’Iwwerliewe vun dësen Déieren. Mat e bëssen Opmierksamkeet a Récksiicht ka jidderee säin Deel dozou bäidroen, datt Fräschen a Mouken sécher un hir Destinatioun ukommen.