Net schlecht gestaunt hunn d’Infirmieren an Dokteren an engem Spidol zu Bremen, wou ob eemol e Kormoran bei hinne bei der Gliesener Dier stoung a mam Schniewel dowidder geklappt huet. Si hu sech de Vull ugekuckt a gesinn, dass e Kreepche vun enger Aangelschnouer a sengem Ënnerkifer festhoung. Well se net woussten, wéi se d’Déier dovunner befreie sollten, hu se d’Pompjeeën ugeruff. Déi sinn dann och direkt zur Hëllef komm a konnte mat engem Bolzeschneider d’Widderhoken vum Kreepchen ofpëtzen. D’Personal vun der Klinik huet dunn de Recht mat hiren Utensilie konnten eraushuelen. D’Déier huet déi ganz Prozedur iwwregens ganz roueg iwwert sech ergoe gelooss.

Nodeems de Kreepchen erausgeholl gouf, konnt d’Déier nees an d’Fräiheet entlooss ginn. Sou ee Kreepchen am Schniewel vun engem Vull ass iwwregens extrem geféierlech, well dat kann zu Infektiounen a Péng féieren, an de Risk besteet, dass d’Déier erhéngert, wann et säi Schniewel net richteg benotze kann.
Eigentlech sinn et ganz schei Déieren. Wa se sech sou no u Mënschen eruntrauen, si se meeschtens a grousser Nout, esou d’Ausso vun de Pompjeeën. An dësem Fall huet d’Déier bewosst oder onbewosst d’Hëllef an enger Urgence vun engem Spidol gesicht... dat ass dach schonn ongewéinlech.