
D’Veterinärs- an Alimentatiounsverwaltung appelléiert e Méindeg, dass ee keng Hausdéieren aus dem Ausland soll op Lëtzebuerg bréngen, bei deenen de sanitären Zoustand net bekannt ass, dat virum Hannergrond vun engem Fall vun der Tollwut, bei engem jonken Hond a Rheinland-Pfalz virun zwou Wochen.
De Mupp war Deel vun engem Grupp vun Hënn a Kazen, déi aus Russland an d’EU bruet gi waren, méiglecherweis deels och op Lëtzebuerg. Dat kéint op alle Fall net ausgeschloss ginn, schreift d’ALVA an engem Communiqué.
Zanter 25 Joer wier kee Fall vun Tollwut méi am Grand-Duché festgestallt ginn. De Virus iwwerdréit sech jo vun Déier op Déier an a seelene Fäll och op de Mënsch. D’ALVA erënnert drun, dass een, wann een en Hond oder eng Kaz aus dem Ausland wëll heihi bréngen, oppasse soll, dass d’Déier gechippt ass, e sanitäre Certificat huet, a géint Tollwut geimpft ass.
Wéi Froen, respektiv bei Fäll, bei deenen Zweifel bestinn, soll ee via Mail info@alva.etat.lu, respektiv iwwert Telefon um (+352) 247-82539 mellen.