
Infektioune mat dësem wéi och Bakterie sollen der zoustänneger Veterinärsinspektioun no bei Ënnersichunge festgestallt gi sinn. Insgesamt sollen 72 Tigere gestuerwe sinn. De sougenannte Staupe-Virus, och “Hondspescht” genannt, wier bei Tigere méi schwéier nozeweisen. “Wéi mir gemierkt hunn, datt se krank sinn, war et schonn ze spéit”, sou e Spriecher vun der Veterinärsinspektioun.
De concernéierten Déierepark “Tiger Kingdom” mécht virun allem domadder Reklamm, datt Visiteuren d’Raubdéieren am Park upaken a mat hinne Fotoe maache kënnen, wat vun Déiereschützer massiv kritiséiert gëtt. D’Déiere géifen ënnert immens schlechte Konditioune liewen. “Dës Tigere si gestuerwen, wéi se gelieft hunn - a Misär, Gefaangenschaft an Angscht”, heescht et vun der Déiereschutzorganisatioun Peta. “Wann d’Touriste fortbleiwe géifen, géifen esou Ariichtunge sech zimmlech séier net méi rentéieren, an esou Tragedië géife méi onwarscheinlech ginn”, heescht et weider.