Mäi Wee - Episod 15Marie-Anne Heinen: D'Fra mat de 40 Kazen

Tim Hensgen
Am Moment liewe 40 Kaze beim Marie-Anne Heinen. Si steet och un der Spëtz vun der "Privaten Déiereschutz ASBL". Déi 75 Joer al Pensionärin war am November Matbegrënnerin. De Grond firwat ass awer éischter ongewéinlech.
"Mäi Wee" - Episod 15: Marie-Anne Heinen, d'Fra mat de 40 Kazen
Déi 75 Joer al Pensionärin steet un der Spëtz vun der "Privaten Déiereschutz ASBL".

Vun 1969 bis 2008 huet si an der Kommunikatioun geschafft. Mee fir d'"Workoholik" Marie-Anne Heinen ass eng kleng Welt zesummegebrach. Hire Chef ass an d'Ausland versat gesinn, mee seng Riets Hand ass zu Lëtzebuerg bliwwen. D'Marie-Anne Heinen ass wuel an e Lach gefall, mee huet séier en Ausgläich zu der méi roueger Aarbecht fonnt. Den Déiereschutz. Déi lescht 25 Joer huet d'Associatioun ronn 1.600 Kazen opgeholl an am beschte Fall vermëttelt. Verschidde Jore waren et 470 Kazen an der Moyenne. Am Moment wunne 40 Kaze beim Marie-Anne an hirem Mann, déi och vu Benevolle matabezu ginn. Donieft huet de privaten Déiereschutz 1.600 Kanéngercher a bal 1.300 Mierschwéngchen opgeholl. Et ass e Liewen am Déngscht vum Déier a fir d'Marie-Anne Heinen eng Liewensaufgab.

Back to Top
CIM LOGO