Am Süde vun TaiwanEelef Zwerg-Schwäertwale goufen u Strand ugeschwemmt

Andy Brücker
Siwe vun hinnen hunn nach gelieft, iwwerdeem der véier schonn dout waren, wéi se entdeckt goufen.

Am Süde vun Taiwan goufen un engem Strand 11 Zwerg-Schwäertwalen ugeschwemmt. D’Awunner hunn d’Déiere géint 7 Auer entdeckt an direkt d’Autoritéiten alarméiert. Déi 7 Déieren, déi nach gelieft hunn, goufe mat naassen Handdicher bedeckt a mat Mierwaasser kal gehalen, bis Spezialiste si konnten ënnersichen. Véier ware schonn dout.

D’Ëffentlechkeet gouf an deem Kontext nach emol un dräi wichteg Reegelen erënnert, wat ee maache soll, wann ee Walen oder Delfinen untrëfft, déi un engem Stand ugeschwemmt gi sinn.

  1. D’Déier riicht dréinen
  2. Fiicht halen
  3. Otem an Häerzschlag observéieren

Des weidere gëtt geroden, net ze no beim Kapp oder dem Schwanz vum Déier ze stoen.

Wat genee elo dozou gefouert huet, dass déi Déieren um Strand ugeschwemmt goufen, ass aktuell nach net kloer. D’Autoritéiten hunn awer matgedeelt, dass dat an de leschte Jore scho méi dacks am Fréijoer de Fall war.

Back to Top
CIM LOGO