
No laanger Fuerschung si véier genetesch ënnerschiddlech Aarte vu Giraffen elo och offiziell unerkannt ginn. Déi véier Aarten – nieft der Netz-Giraff nach d’Massai-Giraff, d’Nord-Giraff an d’Süd-Giraff – hunn ugefaangen, sech scho virun ongeféier 230.000 bis 370.000 Joer onofhängeg vuneneen z’entwéckelen, wéi d’Senckenberg Gesellschaft fir Naturfuerschung zu Frankfurt am Main en Donneschdeg matgedeelt huet.
Tëscht hinne gëtt et der Fuerschung no kaum oder guer kee geneteschen Austausch – an der fräier Natur reproduzéiere sech déi verschidden Aarten also normalerweis net. Schonn am Joer 2016 haten d’Senckenberg-Fuerscher zesumme mat der ‘Giraffe Conservation Foundation’, déi sech fir de Schutz vu Giraffen an Afrika asetzt, Fuerschungsresultater verëffentlecht, déi kloer genetesch Ënnerscheeder tëscht de Giraffen-Aarten opgewisen hunn.
Elo huet d’'International Union for Conservation of Nature’ (IUCN), eng international Naturschutz-Unioun, déi verschidden Aarten och offiziell unerkannt – an dat huet Auswierkungen op zukünfteg Schutz-Konzepter. D’IUCN wëll an engem nächste Schratt déi véier Giraffen-Aarten op d’Rout Lëscht vun Aarten a Gefor setzen.
“Eis genetesch Analyse weisen, datt d’Ënnerscheeder tëscht de Giraffen-Aarte genee esou markant si wéi déi tëscht Brong- a Polarbieren”, wéi den Evolutiounsgenetiker Axel Janke erkläert.
D’Fuerscher hunn zesumme mat ville lokale Partner-Organisatiounen iwwer méi wéi ee Joerzéngt Geweebe-Prouwe vu Giraffen aus ganz Afrika – deels och aus schwéier zougänglechen a politesch onstabille Regioune – gesammelt. D’Ënnersichung vu ronn 200.000 DNA-Abschnitter bei am Ganze 50 Giraffen huet kloer Hiweiser op véier eegestänneg Aarte geliwwert. Studien un de Giraffe-Käpp hunn déi genetesch Erkenntnisser bestätegt.