
Hien ass wuel eng vun de bekanntsten an am meeschte gefilmt a fotograféierte Kaze vun der Welt: De Kueder Larry. Schonn zanter 15 Joer geet hie senger Aarbecht no. Hien ass nämlech zoustänneg dofir, datt an der “10 Downing Street”, also dem Sëtz vum brittesche Premier, keng Mais, Raten an aner kleng Déieren hiert Onwiesen dreiwen.
“Chief Mouser to the Cabinet Office” ass dowéinst den Titel, deen de Larry huet, an dat schonn zanter dem 15. Februar 2011. Du gouf hien aus engem Londoner Déierenasyl adoptéiert e koum an dat politescht wichtegt Haus an der Downing Street.
Ma d’Mais an der Guide ze halen, ass net déi eenzeg Aufgab, déi de Larry huet. A senger offizieller Biografie um Site vun der Downing Street ass Follgendes erkläert: “De Larry verbréngt seng Deeg domadder, d’Gäscht vum Haus ze begréissen, d’Sécherheetsperimeter ze kontrolléieren an déi antik Miwwelen op hir Schlofqualitéit ze testen”.
A senger 15 Joer Déngschtzäit huet de Larry iwwregens scho sechs Premierminister als Co-Locataire bei sech gehat. Am Fokus stoung bei groussen Evenementer awer quasi ëmmer den op 19 Joer geschate Kueder, deen och ëmmer nees auslänneschen Éieregäscht d’Show gestuel huet.