Vu Bayern a SachsenNopere klaue Kaz a plënnere 600 Kilometer wäit ewech

AFP, iwwersat vun RTL
D'Nopere fort an de Kueder och: Nodeems enger Fra aus Bayern hir Nopere geplënnert sinn, war och ee vun hire Kuedere net méi do. Fonnt gi konnt de "Staller" 600 Kilometer wäit ewech.
Ein in Bayern vermisster Kater ist bei nach Sachsen umgezogenen Nachbarn wieder aufgetaucht. Die Polizei übergab das Tier namens "Staller" ihn der rechtmäßigen Besitzerin.
Birmakaze si méi deier wéi gewéinlech Hauskazen
© AFP/Archiv

E Kueder, deen a Bayern als vermësst gemellt gouf, ass bei Noperen, déi a Sachsen geplënnert sinn, nees opgedaucht. D’Meeschtesch vum “Staller” hat sech am Januar bei der Police a Bayern gemellt, well hir Birmakaz, zanterdeem hir Nopere geplënnert sinn, verschwonne wier.

De “Staller” an hiren anere Kueder “Hubert” si Fräigänger a waren ëmmer mol nees bei den Noperen, wéi d’Police gemellt huet. D’Beamte vu Füssen hunn am Fall ermëttelt an ugefrot, dat neit Haus vun de fréieren Noperen duerchsichen ze dierfen.

D’Police a Sachsen ass doropshin bei déi nei Adress gefuer, wou de Mann nach probéiert hätt, de Kueder iwwer d’Terrass erauszeloossen. Dat konnten d’Polizisten awer nach verhënneren. Si hunn de “Staller” hirer rechtméisseger Besëtzerin zréckginn, déi dofir 600 Kilometer an dat anert Bundesland gefuer ass.

Birmakaze si méi deier wéi gewéinlech Hauskazen. Déi zwee Kueder sinn no der ARD-Serie “Hubert und Staller” benannt, déi zanterdeem ee vun den Haaptacteuren opgehalen huet, als “Hubert ohne Staller” weiderleeft - sou wéi et temporär bei de Kaze war.

Back to Top
CIM LOGO