E Mëttwoch de 4. Februar gouf et e groussen Optrëtt an engem Fuerschungszenter "China Conservation and Research Center for the Giant Panda and the Chengdu Research Base of Giant Panda Breeding" fir Risepandaen a China. 30 Bëbee-Pandaen, déi all 2025 gebuer sinn, goufe fir déi éischte Kéier dem Public presentéiert. Donieft war et och déi éischt Kéier, datt déi Kleng mat Pandaen an hirem Alter zesumme waren.
Obwuel si knapps e puer Méint al sinn, hu sech schonn éischt Zich vun hire Perséinlechkeeten ofgezeechent. Verschiddener louche faul um Buedem, anerer ware virwëtzeg an hu sech alles ugekuckt. Munch een huet souguer scho seng Mamm imitéiert a probéiert, op e Bam ze klammen. D’Panda-Bëbeeë sinn Deel vun der erfollegräicher Ziichtung vu 45 Risepandaen, dorënner 14 Zwillingskoppelen, am Fuerschungszenter zu Chengdu.
Wéi de Fuerschungszenter mellt, géingen d'Jongdéiere sech gutt entwéckelen a vun Dag zu Dag méi staark ginn. Wärend der Vakanz am Fréijoer kënne Visiteuren de Jongdéieren an hire Mamme beim Spillen an interagéieren nokucken.